Heinrich Stammer

Vu Wikipedia
Heinrich Stammer
Gebuer 22. Dezember 1785
Boppard
Gestuerwen 23. Juni 1859
Düsseldorf
Aktivitéit Pedagog

Den Heinrich Stammer, gebuer den 22. Dezember 1785 zu Boppard um Rhäin, mat der Elisabeth Büchel bestuet, an den 23. Juni 1859 zu Düsseldorf gestuerwen, war vun 1817 bis 1851 Däitschprofesser am Kolléisch. Ee vu senge Jongen ass de Lëtzebuerger Cheemiker Karl Stammer.

Den Heinrich Stammer war e Schüler vum Heinrich Pestalozzi. A sengen Däitschstonne wéi och als Auteur vu Schoulbicher huet hie versicht dem Schwäizer Pedagog seng Methoden ëmzesetzen. A sengem Däitschcours gouf och geléiert Lëtzebuergesch ze schreiwen. Mat senger absolut origineller Method, der Prestolegie huet de Stammer senge Schüler d'Liese vu Friemsproochen am Nu bäibruecht. Hie war awer och deen éischten zu Lëtzebuerg, deen de Wäert vum Turnen erkannt huet. Deemools ware seng pedagogesch Erneierungen awer am Athenäum guer net gär gesinn.

Säi staarken Afloss op seng Schüler an d'Dankbarkeet vu senge fréiere Schüler spigele sech am Studentenzirkel Polyhymnia erëm. Dësen Zirkel gouf mam Doud vum Theodor Lenz an d'Liewe geruff. Bekannt Membere vun der Vereenegung waren ënner anerem den Antoine Meyer, de Louis Marchand, de Joseph Gantrelle an de Charles-Gérard Eyschen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]