William N. Lipscomb

Vu Wikipedia
William N. Lipscomb
Gebuer 9. Dezember 1919
Cleveland
Gestuerwen 14. Abrëll 2011
Cambridge
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Universitéit vum Kentucky
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, American Physical Society


De William Nunn Lipscomb, gebuer den 9. Dezember 1919 zu Cleveland, Ohio a gestuerwen de 14. Abrëll 2011 zu Cambridge, Massachusetts[1], war en US-amerikanesche Cheemiker.

Hie gouf 1959 Professer op der Harvard Universitéit an huet ënner anerem an de Beräicher Rëntgestrukturanalys a Kristallziichtung geschafft. Fir d'Erfuerschung vum stereocheemeschen Opbau an der theoreetescher Erklärung vun de Boranen krut hien 1976 den Nobelpräis fir Chimie. Hien huet seng Resultater och op aner Stoffgruppen iwwerdroen, wéi z. B. d'Carboranen.

Méi spéit huet hie sech mam strukturellen Opbau an dem Fonctionnement vu Proteinne beschäftegt, och mat Hëllef vun der Proteinkristallographie.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.kionrightnow.com/Global/story.asp?S=14454740