Rosalind Franklin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Erënnerungsplack am Donovan Court zu Chelsea

D'Rosalind Elsie Franklin, gebuer de 25. Juli 1920 zu Notting Hill a gestuerwen de 16. Abrëll 1958 zu Chelsea, war eng britesch Molekularbiologin, där hir Aarbecht haaptsächlech zur Entdeckung vun der DNS-Struktur bäigedroen huet.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

D'Rosalind Franklin gouf zu Notting Hill, London, an enger aflossräicher jiddesch-britescher Famill gebuer. Hire Papp war den Arthur Ellis Franklin, e Londoner Geschäftsmann an hir Mamm war d'Muriel Frances Waley. D'Rosalind war déi eelst Duechter an dat zweet vun am Ganze fënnef Kanner.

Nodeem si 1945 hiren Doktorat an der Physik an an der Chimie zu Cambridge gemaacht huet, huet si vun 1947 bis 1950 a Frankräich am zentrale staatleche Chimieslaboratoire geschafft, wou si vill iwwer d'Kristallstrukturanalyse geléiert huet.

1951 krut si eng Plaz um King's College zu London  wou si ënner dem John Turton Randall weider gefuerscht huet. De Randall hat awer Problemer d'Rosalind Franklin als gläichgestallt Kolleegin unzegesinn an et koum den Androck op, si wier just seng Assistentin.

D'Rosalind Franklin ass virzäiteg am Joer 1958 un engem Ovarialkarzinom (Eeërstack-Kriibs) gestuerwen.

Et gëllt haut als sécher, datt der Franklin hir Aarbecht eng wesentlech Grondlag fir d'Bestëmmung vun der DNS-Struktur geliwwert huet an datt et ouni hir Röntgenbeugungsdiagrammer an hir Analysen dozou méi laang bis zu der Entdeckung gedauert hätt.

Den Nobelpräis - deen zanter 1974 nëmmen nach Persounen iwwerreecht gëtt déi nach liewen - kruten 1962 de James Dewey Watson, de Francis Crick an de Maurice Wilkins "fir d'Entdeckung vun der Molekularstruktur vun den Nukleinsaieren an hir Bedeitung fir d'Weidergi vun Informatiounen an de Liewewiesen". Typescherweis hunn de Watson an de Crick an hire Riede bei der Iwwerreechung vum Nobelpräis d'Rosalind Franklin, déi véier Joer virdru gestuerwe war, mat kengem Wuert ernimmt.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

2008 huet si posthum den Éire-Horwitz-Präis (Honorary Horwitz Prize) kritt.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Unerkennung un d'Rosalind Franklin goufen ë. a. no hir genannt:

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Sayre: Rosalind Franklin and DNA. W. W. Norton & Co., New York 1975.
  • Jenifer Glynn: Rosalind Franklin, 1920–1958. in: E. Shils, C. Blacker (Editeur): Cambridge Women – Twelve Portraits. University Press, Cambridge 1995. ISBN 0-521-48287-9
  • Brenda Maddox: Rosalind Franklin. Die Entdeckung der DNA oder der Kampf einer Frau um wissenschaftliche Anerkennung. Campus, Frankfurt am Main 2002. ISBN 3-593-37192-8
  • Svetlana Bandoim: Gender Bias in Science, an Analysis of the Careers of Kathleen Lonsdale, Dorothy Hodgkin, and Rosalind Franklin, OCLC 75182013 (Thesis (B.S.), Butler University Indianapolis, 2006).
  • Jenifer Glynn: My Sister Rosalind Franklin: A Family Memoir. Oxford University Press, New York 2012. ISBN 978-0-199-69962-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosalind Franklin – Biller, Videoen oder Audiodateien