Osamu Shimomura

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Osamu Shimomura
Osamu Shimomura-press conference Dec 06th, 2008-2.jpg
Gebuer 27. August 1928
Gestuerwen 19. Oktober 2018
Nationalitéit Japan, USA
Aktivitéit Chimist, Biochimist, Professer
Member vun National Academy of Sciences
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Osamu Shimomura (japanesch: 下村 脩, Shimomura Osamu), gebuer de 27. August 1928 zu Kyōto a gestuerwen den 19. Oktober 2018 zu Nagasaki, war e japanesche Biochemiker.

Zesumme mam Martin Chalfie a mam Roger Tsien krut hien 2008 den Nobelpräis fir Chimie.

Hien huet a Japan Pharmazie studiert an dono op der Universitéit Nagasaki an där vun Nagoya geschafft. 1960 gouf en zum Dokter an der organescher Chimie promovéiert a goung dono op d'Princeton University, wou e, mat enger klenger Ausnam, bis 1982 bliwwen ass. 1982 bis 2001 war en Honorarprofesser op der Boston University a Fuerscher am Mieresbiologesche Laboratoire Woods Hole. No 2001 hat hie säi private Photoprotein Laboratory.

Hien huet um Gebitt vun der Biolumineszenz geschafft, absënns vu Liewewiesen am Mier. Hien huet 1961 d'Protein Aequorin an d'Protein dat gréng fluoreszéiert (GFP) an der Jelliskapp-Aart Aequorea victoria entdeckt an dës Moleküller an de Joren dono erfuerscht. D'GFP-Moleküll léisst sech mat anere Proteinne koppelen, déi net liichten. Domat kënne Wëssenschaftler Prozesser observéieren, déi ee soss net kéint gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spawerck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Osamu Shimomura – Biller, Videoen oder Audiodateien