Charles Goodyear

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Charles Goodyear
Charles Goodyear.png
Gebuer 29. Dezember 1800
New Haven
Gestuerwen 1. Juli 1860
New York City
Nationalitéit USA
Aktivitéit Erfinder, Chimist, Ingenieur, Geschäftspersoun
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Charles Nelson Goodyear, gebuer den 29. Dezember 1800 zu New Haven, am Connecticut, a gestuerwen den 1. Juli 1860 zu New York, war en US-amerikanesche Chemiker, Erfinder an Amateurfuerscher.

Hien huet de Procédé vun der Vulkanisatioun vum Kautschuk an d'Industrie agefouert a sou d'Basis fir déi haiteg Kautschukindustrie geschaf. Hien ass den Erfinder vum Gummi, deen entsteet, wann ee Kautschuk mat Schwiefel erhëtzt.

Och de Kondom aus Gummi (an deen ëmgangssproochlech och sou genannt gëtt) gouf 1855 vum Goodyear entwéckelt an dono industriell produzéiert.

Den Charles Goodyear hat wéineg Succès als Geschäftsmann. Trotz senge Patenter, déi besonnesch fir d'Autosindustrie herno wichteg sollte ginn, hat hie bis zu sengem Doud kee Su an der Täsch a war souguer e puermol zu Prisongsstrofe veruerteelt ginn, well e seng Scholden net erëmbezuele konnt.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

38 Joer nom Charles Goodyear sengem Doud hunn de Frank an den Charles Seiberling eng Pneuefabréck gegrënnt, déi se, zu Éiere vum Charles Goodyear, Goodyear Tire & Rubber Company genannt hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]