Jean-Claude Kihn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Claude Kihn
Aktivitéit Chimist


De Jean-Claude Kihn, ass e lëtzebuergesche Cheemiker a Manager.

Hien huet op der Univesitéit vu Leuven promovéiert an huet tëscht 1988 an 2017 bei Goodyear geschafft[1][2].

Do huet hien als Ingenieur am Goodyear Innovation Center (GIC*L) zu Colmer-Bierg ugefaangen. 1994 ass hien op Akron, an den Ohio gewiesselt, wou e mat un der Entwécklung vu Camionspneuë fir de latäinamerikanesche Maart matgeschafft huet an 2000 zum 'Director Tire Technology' fir déi Regioun ernannt gouf. Kuerz dono gouf en 'Director R&D Materials Science', an 2005 koum en un d'Spëtzt vum Goodyear Innovation Center zu Akron.

2008 gouf de Jean-Claude Kihn 'Chief Technical Officer', dono Responsabel fir Goodyear Brasilien, a geschwënn dono fir ganz Latäinamerika. Hie gouf op den 1. Januar 2016 zum President vu Goodyear fir d'Regiounen Europa, Mëttleren Osten an Afrika ernannt.

Zanter 2018 schafft hien als Consultant a senger eegener Firma zu Akron[2].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Luxemburger Kihn bekommt hohen Führungsposten." wort.lu, 2. Dezember 2015 um 11:11.
  2. 2,0 2,1 CV vum Jean-Claude Kihn op sengem Profil bei linkedin.com, gekuckt den 1. Januar 2020