High Accuracy Radial Velocity Planet Searcher
Den HARPS (High Accuracy Radial velocity Planet Searcher) ass en Echelle-Spektrograph fir den 3,6-Meter-Teleskop vum ESO am La-Silla-Observatoire am Chile. E mécht héichprezis Miessunge vun der Radialvitess vu Stären, an hëlleft domat bei der Entdeckung vun Exoplanéiten. Mat enger Genauegkeet vun zirka 1 m/s ass den HARPS eent vun deene geneesten Instrumenter fir deen Zweck. HARPS gouf vun engem Syndikat ënner der Féierung vum Observatoire vu Genf entwéckelt an 2002 op La Silla installéiert. Déi éischt Miessunge waren am Joer 2003.
Entdeckungen
[änneren | Quelltext änneren]Den HARPS huet bis Oktober 2009 75 Exoplanéitekandidaten entdeckt an domat e groussen Deel vun alle bekannten Exoplanéiten. Mam Instrument gouf e Groussdeel vun den Entdeckunge vun Exoplanéite mat enger Mass vu manner wéi 20 Äerdmasse gemaach. Zu den Entdeckunge vum HARPS zielen ënner anerem och de Gliese 581 d an de Gliese 581 e, déi zu engem System mat véier planetare Begleeder gehéieren. D'Entdeckung vun Exoplanéiten ëm ongewéinlech metallaarm Stären déi mam HARPS gemaach goufen, stellt eng Erausfuerderung fir aktuell Theorien zu der Planéitegenesis duer.