ESO 3.6 m Teleskop

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Geographesch Koordinaten:
Den ESO-3,6-m-Teleskop

Den ESO-3,6-m-Teleskop ass en opteschen an Noinfraroude Spigelteleskop mat engem 3,57 m Spigel an equatorialer Gafelmontéierung. Et gehéiert zum Europäesche Südobservatoire ESO an ass Deel vum La-Silla-Observatoire am Chile.

Den Teleskop steet op enger Héicht vun 2.400 m.

Den Teleskop gouf 1976 gebaut, a war vun 1977 u betriibsbereet. Enn vun de 70er Jore vum 20. Joerhonnert war et mat senge knappss 3,6 m Spigelduerchmiesser an enger Spigelfläch vun 8,6 m2 eent vun de gréissten opteschen Teleskope vun der Welt an huet domat etlech Uschafunge vun den Naturwëssenschafte an Technik ënnerstëtzt. An den 80er Joren hat en eng vun den éischten adaptiven Optike déi an der Astronomie agesat goufen. Vum Joer 2009 war den Teleskop dunn un der Entdeckung vu 75 méiglechen Exoplanéite bedeelegt.

Eng Renovéierung am Joer 1999 an d'Ausstafféierung mat engem neie Sekundärspigel am Joer 2004 hunn et op den haitege Stand bruecht.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Abrëll 2008 ass den HARPS, en Akronym fir High Accuracy Radial velocity Planet Searcher, dat eenzegt Instrument um ESO-3,6-m-Teleskop. Den HARPS ass e glasfasergeféierten, héich opléisenden Echelle-Spektrograph, deen eleng fir d'Sich no extrasolare Planéiten agesat gëtt.

Fréier Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • CES: E Spektrograph mat engem spektralen Opléisungsverméigen vu bis zu 235000 am Wellelängteberäich vun 346 - 1028 nm.
  • EFOSC2: Den ESO Faint Object Spectrograph and Camera (v.2), e villsäitegt asetzbaart Instrument fir niddreg Opléisung a Bilderstellung, an der Tëschenzäit och um New Technology Telescope verbaut.
  • TIMMI-2: D'Thermal Infrared MultiMode Instrument schafft am Spektralberäich vun 3 μm bis 25 μm.
  • ADONIS: En Akronym fir ADaptive Optics Near Infrared System, war en adaptiivt Optiksystem vun der zweeter Generatioun. Méi wéi 40 naturwëssenschaftlech Peer-Review Artikelen goufen op Datebasis vun dësem Instrument publizéiert.[1] ADONIS ass déi ausgeräiftst Versioun vu verschiddenen Adaptiven Optik (AO) Prototypen. A senger finaler Versioun vum Oktober 1996 gouf et en offiziellt ESO Instrument, an am Joer 2001 ausser Déngscht gestallt. ADONIS war dat éischt AO System mat deem eng gréisser Zuel vun Astronome geschafft hunn.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Den ESO-3,6-m-Teleskop war zanter dem Dag vu sengem Éischte Liicht un etlechen naturwëssenschaftlechen Entdeckunge bedeelegt. Speziell a leschter Zäit gouf et mam HARPS engersäits méiglech, de massenäermsten Exoplanéit zu der Zäit vu senger Entdeckung am Joer 2009 opzefannen, de Gliese 581 e, deen nëmmem déi duebel Mass vun eiser Äerd huet.

Anerersäits gouf e friemt Planéitesystem mat siwe Planéiten, déi ëm de sonnenähnleche Stär HD 10180 kreesen, entdeckt. Den Teleskop huet och gehollef d'Rätsel vun der Mass vun den Cepheiden ze léisen. Mam HARPS gouf et méiglech, während enger Bedeckung vun engem Cepheid mat engem normale Stär déi genee Mass vum Cepheid z'ermëttelen, mat als Resultat eng Bekräftegung vun der Theorie vum Zesummenhank vu Stäremass a Pulsatiounsdauer.

D'Entdeckung vum Exoplanéit Gliese 581 c vum Stéphane Udry an anere vum Observatoire vun der Universitéit Genf gouf de 24. Abrëll 2007 matgedeel.

D'Entdeckungsteam hat den HARPS benotzt an d'Radialvitess analyséiert, fir d'Wierkung vum Planéit op de Stär ze moossen.

Verglach mat aneren Teleskope vun derselwechter Generatioun[änneren | Quelltext änneren]

# Numm /
Observatoire
Bild Apertur M1
Spigelfläch
Héicht Éischt Liicht Haaptvertrieder
1 BTA-6
Special Astrophysical Obs
Главная обсерватория.jpg 605 cm 26 m2 2070 m 1975 Mstislav Keldysh
2 Hale-Teleskop
Palomar-Observatoire
P200 Dome Open.jpg 508 cm 20 m2 1713 m 1949 George Ellery Hale
3 Mayall Teleskop
Kitt Peak-Observatoire
Kittpeakteliscope.JPG 401 cm 10 m2 2120 m 1973 Nicholas Mayall
4 Blanco Teleskop
CTIO Obs.
4m-Victor M. Blanco Telescope.jpg 401 cm 10 m2 2200 m 1976 Nicholas Mayall
5 Anglo-Australian Teleskop
Siding Spring Observatoire
Anglo-Australian Telescope dome.JPG 389 cm m2 1742 m 1974 Prince Charles
6 ESO 3.6 m Teleskop
ESO La Silla-Observatoire
3.6-m Telescope at La Silla.jpg 357 cm 8.8 m2 2400 m 1976 Adriaan Blaauw
7 Shane Teleskop
Lick-Observatoire
Shane dome.JPG 305 cm m2 1283 m 1959 Nicholas Mayall

Teleskop a Plaz[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ADS query results for "ADONIS"