Kitt Peak-Observatoire

Vu Wikipedia
Kitt Peak Nationalobservatoire

De Kitt-Peak-Nationalobservatoire (Kitt Peak National Observatory) ass ee groussen astronomeschen Observatoire um 2.095 m héije Bierg vum Kitt Peak an der Sonora-Wüst, 65,4 km (Loftlinn) südwestlech vu Tucson, Arizona.

De Kitt Peak gouf am Joer 1958 als Beräich fir den US-amerikaneschen Nationalobservatoire ausgewielt. Haut huet den Observatoire ronn 20 optesch Teleskopen, vun deenen de Mayall Telescope an de WIYN Telescope mat Haaptspigel vu 4 m resp. 3,5 m Duerchmiesser déi gréisst sinn. De Spacewatch-Projet bedreift zwéi Spigelteleskope vun 1,8 m resp. 0,9 m Duerchmiesser fir d'Observatioun vun Asteroiden a Koméiten, besonnesch awer fir d'Opfanne vun äerdnoen Objeten. Fir d'Observatioun vun der Sonn stinn um Kitt Peak de McMath-Pierce Solar Telescope, de gréisste Sonnenteleskop vun der Welt, souwéi de Kitt Peak Vacuum Telescope zur Dispositioun. Weider stinn um Kitt Peak och nach zwéi Radioteleskope vun 12 m a 25 m Duerchmiesser. Dat lescht gëtt a Kombinatioun mat anere Radioteleskope am Very Long Baseline Array als radioastronomeschen Interferometer gebraucht.

McMath-Pierce Solar Telescope
Usiicht bannen am Solar Teleskop
Gebai vum Mayall Telescope
Mayall Telescope
Gebai vum 2,4 m Hiltner-Teleskop
12 m Radioteleskop
2,3 m Bok Teleskop
Stewart 0,9 m Teleskop (1921), riets: 2,1 m Teleskop

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kitt Peak National Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien