Op den Inhalt sprangen

National Optical Astronomy Observatory

Vu Wikipedia
National Optical Astronomy Observatory
Typ astronomeschen Observatoire
Bedreiwer National Science Foundation
Datum vum Bau 1984
Opgaangen 1984
Websäit https://legacy.noirlab.edu/about-noao.php
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Regioun/Gemeng Tucson

Den National Optical Astronomy Observatory (NOAO) zu Tucson am Arizona war bis 2019 déi US-amerikanesch ëffentlech Institutioun fir de Betrib vu buedemgebonnen Observatoiren am opteschen an am noen Infraroutberäich fir d'Nuetsastronomie. Den NOAO gouf mat Mëttele vun der National Science Foundation vun der Association of Universities for Research in Astronomy (AURA) bedriwwen.

Den NOAO huet mat Teleskopen am Kitt Peak National Observatory geschafft a war um Cerro Tololo Inter-American Observatory an um Gemini-Observatoire bedeelegt.

Et war den Haaptzougank fir vill US-Astronomen zu groussen Teleskopen a stoung alle Beruffsastronome fir Observatiounen op. Donieft hunn an den USA privat Observatoirë mat ageschränktem Zougank eng dominéierend Roll gespillt, wéi zum Beispill de Keck-Observatoire.

Den Nofollger vum NOAO ass den National Optical-Infrared Astronomy Research Laboratory (NOIRLab), och zu Tucson.

Portal Astronomie

 Commons: National Optical Astronomy Observatory – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]