Optescht Teleskop

Vu Wikipedia
Spigelteleskop
Lënserefrakter

En optescht Teleskop ass en optescht Instrument, mat deem een Objeten, déi wäit ewech leie vergréissert kucke kann, respektiv mat enger héijer Opléisung ënnersiche kann. No hirem Opbau ënnerscheet een tëscht dem Lënsenteleskop an dem Spigelteleskop.

Optesch Teleskope gi virun allem fir d'Observatioun um Terrain (Spektiv, Aussiichtsrefrakter) a fir astronomesch Objete benotzt. Bei Sonnenobservatioune muss en adequate Sonnefilter benotzt ginn. Et gëtt awer och aner Asazgebidder wéi z. B. fir d'Erfuersche vun der Äerdatmosphär mat LIDAR-Teleskopen, Kontroll- an Zilteleskopen (Diopter), Theodolitten a Satellittegeodesie.

D'Objektiv oder d'Spigelsystem vun engem opteschen Teleskop mécht op sengem Bildplang e reellt Bild. Dat Bild kann op zwou Aarten siichtbar gemaach ginn:

  • direkt um Bildplang (Objektiv-Brennwäit)
    Am einfachste Fall duerch fixéiere vun enger Mattscheif als Projektiounsfläch. An der Astrofotografie ass e Film, eng Fotoplack aus Glas oder e Bildsensor um Bildplang, déi genee wéi an enger Kamera beliicht ginn.
  • duerch en Okular
    Dofir gëtt d'Bild fir dat mënschlecht A opbereet, sou datt eng direkt Observatioun méiglech gëtt. Donieft léisst sech duerch e Wiessel vun der Brennwäit vum Okular d'Vergréisserung vum uviséierten Objet änneren.

Wéinst hirer grousser Brennwäit an hirem Gewiicht ginn Teleskope (mat Ausnam vu klenge Spektiven) vu Montéierunge gehalen a beweegt. D'Stabilitéit an d'Steierungsméiglechkeete sinn – besonnesch bei Observatoiren – fir d'Leeschtung vun den Teleskopen néideg.

Optesch Teleskope fir wëssenschaftlech Zwecker sinn haut bal nëmme Spigelteleskopen. Déi aktuell gréisst hunn Haaptspigele mat 10 m Duerchmiesser (Keck-Teleskopen I an II op Hawaii, mat zesummegesate fragmentéierte Spigelen), respektiv 8,2 m Duerchmiesser (Very Large Telescope VLT, am Chile, bedriwwe vum Europäesche Südobservatoire, am Ganze véier Eenzelteleskopen déi zesummegeschalt kënne ginn, mat Haaptspigelen aus jee engem Glaskeramikblock).

D'Hubble-Weltraumteleskop ass e Beispill fir e grousst optescht Teleskop op enger Äerdëmlafbunn. Well een awer an der Tëschenzäit geléiert huet, och op der Äerduewerfläch d'Opléisungsverméigen vu groussen Teleskope iwwer Interferometrie an adaptiv Optik auszenotzen, solle bei neie Projete fir Weltraumteleskope virun allem Spektralberäicher erfuerscht ginn, déi d'Äerdatmosphär net duerchléisst: (UV, Infraroutstralung, Röntgenstralung). Déi gehéieren da streng geholl net méi zu den opteschen Teleskopen, gläichen deenen awer a viller Hisiicht, mat Ausnam vun de Röntgenteleskopen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]