MPG/ESO-2,2-m-Teleskop
Den MPG/ESO-2,2-m-Teleskop (engl. MPG/ESO 2.2 m Telescope) ass e Spigelteleskop vum ESO op enger Ritchey-Chrétien-Montéierung mat 2,2 Meter Apertur um La-Silla-Observatoire am Chile. Et gouf 1983 vun der Firma Zeiss gebaut, an ass zanter 1984 a Betrib. D'Max-Planck-Institut für Astronomie MPIA mat Sëtz zu Heidelberg, als Deel vun der Max-Planck-Gesellschaft MPG huet dem Europäesche Südobservatoire d'Teleskop op onbestëmmt Zäit geléint. D'Observatiounszäiten um Teleskop ginn tëscht MPIA an ESO opgedeelt, wärend de Betrib an den Ënnerhalt an der Verantwortung vun der ESO leien. Den Teleskop steet op enger Héicht vun 2.335 m.
Instrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Dat optescht an Noinfrarout- Teleskop ass mat dräi Instrumenter ekipéiert:
- Wide Field Imager
- GROND, de Gamma-Ray Burst Optical/Near-Infrared Detector, mat deem een d'Gammablëtzer erfuerscht, déi warscheinlech energieräichst Energieausbréch am ganzen Universum
- FEROS, en héichopléisende Spektrograph, fir detailléiert Studie vun de Stären
Observatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Am November 2010 gouf mat deem Teleskop den HIP 13044 b entdeckt, e jupiter-änleche Planéit, a fréiere Stär deen aus enger Zwerggalaxie staamt, déi vun eiser Heemechtgalaxie absorbéiert gouf.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Bild vum Orion Niwwel opgeholl nat der "Wide Field Imager"-Kamera um MPG/ESO-2,2-Meter-Teleskop
-
Bild vum NGC 4755 opgeholl mam Wide Field Imager um MPG/ESO-2,2-Meter-Teleskop
-
Foto vum Lagunenniwwel mat Hëllef vum Wide Field Imager
-
Eng Ee-Quadrat-Grad-Foto vumTarantelniwwel a senger Ëmgéigend, baséierend op Fotoe vum Wide Field Imager
-
Den MPG/ESO-2,2-Meter-Teleskop a senger Kuppel am Joer 1996
-
Loftbild vu La Silla