Leonhard-Euler-Teleskop
Leonhard-Euler-Teleskop | |
---|---|
Typ | Parabolspigel |
Bedreiwer | Universitéit vu Genf Schwäiz |
Standplaz vun der Ariichtung | La-Silla-Observatoire, Chile |
Héicht | 2400 m |
A Betrib zanter | 1998 |
Aart vu Fuerschung | Exoplanéiten |
Fachgebidder | Astronomie, Planetologie |
Aperatur | 1,2 m |
Koordinaten | 29° 15’ 34’’ S 70° 43’ 59’’ W |
De Leonhard-Euler-Teleskop och Schwäizer-1,2-m-Leonhard-Euler-Teleskop oder kuerz Euler-Teleskop ass e Spigelteleskop mat 1,2 m Apertur vum Observatoire vu Genf um La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire am Chile.
Den Teleskop gëtt zanter senger Fäerdegstellung am Joer 1998 vun der Schwäizer Universitéit Genf bedriwwen.[1] Et gouf nom Mathematiker Leonhard Euler genannt.[2]
Zesumme mam belsche Mercatorteleskop vun der flämeschsproocheger Kathoulescher Universitéit Léiwen huet en zum Southern Sky Extrasolar Planet Search Programme gehéiert, dee vill extrasolar Planéiten entdecke konnt.[3]
Speziell dofir koum de CORALIE Echelle Spektrograph zum Asaz.[4] Den éischte Planéit war een aus dem Orbit vum Gliese 86,[4] e Planéit vun ongeféier 4 Jupitermassen an enger Ëmlafdauer vun ongeféier 15,8 Deeg. Duerno goufen nach en ettlech aner extrasolar Planéite mat deem Teleskop entweeder entdeckt oder ënnersicht.[5]
-
Teleskopgebai
-
Foto vu bannen a Fëschaperspektiv
-
Teleskoptubus
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.ster.kuleuven.be/~katrienu/comparison.html
- ↑ http://www.eso.org/gallery/v/ESOPIA/LaSilla/phot-13c-00-hires.jpg.html
- ↑ http://obswww.unige.ch/~udry/planet/coralie.html
- ↑ 4,0 4,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-07-14.
- ↑ http://astro.berkeley.edu/~gmarcy/hd83443/pressrelease.html