Mercatorteleskop

Vu Wikipedia
Mercator-Teleskop
De Mercator-Teleskop iwwer engem Mier vu Wolleken, vum Swedish Solar Telescope aus gesinn
Kategorie Parabolspigel
Standplaz vun der Ariichtung La Palma
(Kanaresch Inselen)
Apertur 1,2 m
Héicht 2.300 m
Fachgebidder Astronomie, Astrophysik
Grondfinanzéierung
Leedung Universtéit Léiwen
Homepage Websäit vum Teleskop
Koordinaten 28° 45’ 44’’ N
      17° 52’ 43’’ O

De Mercator-Teleskop ass en 1,2 m Spigelteleskop, bedriwwe vun der belscher flämeschsproocheger Kathoulescher Universitéit Léiwen an Zesummenaarbecht mam Observatoire vun der Universitéit Genf. Genannt ass d'Teleskop nom berüümte Kartograph vum 16. Joerhonnert, dem Gerhard Mercator.

Den Teleskop ass en Deel vum Roque de los Muchachos Observatoire op La Palma.

Zesumme mam Schwäizer Leonhard-Euler-Teleskop huet en zum Southern Sky Extrasolar Planet Search Programme gehéiert, dee vill extrasolar Planéiten entdecke konnt.[1]

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

D'Teleskop huet aktuell zwou ënnerschiddlech Moossvirriichtungen.

MeropeII[änneren | Quelltext änneren]

De MeropeII ass eng CCD-Kamera mat enger Opléisung vun 2.000 × 6.000 Pixelen. De Frame Transfer Detekter war am Ufank als Sensor fir déi gestrachen Eddington Space Mission geplangt.

MeropeII benotzt d'Filter UB1B2BVV1G vum Genfer photometresche System (engl. The Geneva photometric system).[2]

HERMES[änneren | Quelltext änneren]

Dat zweet Instrument am Mercator-Teleskop ass den HERMES Echelle Spektrograph. Dësen deckt Wellelängten tëscht 380 nm an 875 nm mat engem spektralen Opléisungsverméigen vun of.[3]

P7[änneren | Quelltext änneren]

De P7 Photometer war aktiv vu Mee 2001 bis an de Juli 2008. Och dësen huet gemooss am The Geneva photometric system. Gläichzäiteg huet et d'Liicht vum Stär an dem Himmelshannergrond ermëttelt, soudatt dësen an der Veraarbechtung ofgezunn konnt ginn. D'Filterrad huet dobäi d'Filter mat enger Frequenz vu 4 Hz ausgetauscht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1]
  2. Standard Photometric Systems Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-05-22.
  3. http://www.mercator.iac.es/instruments/hermes/RaskinHERMES.pdf