Gerhard Mercator

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Gerhard Mercator op engem Kofferstéch vum François Hogenberg (1574)

De Gerhard de Kremer, besser bekannt ënner dem laténgiséierten Numm Gerhard Mercator, gebuer de 5. Mäerz 1512 zu Rupelmonde an der Grofschaft Flandern a gestuerwen den 2. Dezember 1594 zu Duisburg, war e Geograph a Kartograph aus de Spueneschen Nidderlanden. Schonn zu Liefzäite gouf hien als de Ptolemäus vu senger Zäit ugesinn. Hie war bis an déi arabesch-islamesch Welt bekannt.

Wann hien haut haaptsächlech als Kartograph a Globefabrikant bekannt ass, sou war de Mercator am 16. Joerhonnert och als Kosmograph, Theolog a Philosoph vu grousser Bedeitung an hien huet Moossstief als Schrëftkënschtler gesat. 

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Äerdglobus, vum Mercator mam Datum 1541 signéiert, steet haut zu Urbania a soll ee vun den 22 Globusse sinn, déi nach bestinn[1]
Ee vun de Himmelsglobussen déi nach bestinn, steet haut am Musée vun vun Urbania

De Gerhard de Kremer gouf als sechst Kand vum Hubert de Cremer a senger Fra Emerance zu Rupelmonde gebuer. Hien ass zu Gangelt opgewuess, wou säi Papp Schouster war.[2] Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1526 gouf de Gerhard bei de “Bridder vum kollektive Liewen” zu 's-Hertogenbosch gezillt.

Vu 1530 un huet de Gerhard op der Universitéit Léiwen studéiert a krut 1532 säi Magister artium. Duerno huet hie privat Studien an der Theologie, der Philosophie an der Mathematik gemaach, virun allem an hire prakteschen Uwennungsméiglechkeeten (Kaarten, Globen an Instrumenter). Vu 1534 bis 1537 huet de Mercator beim Gemma Frisius geschafft, deen drop spezialiséiert war fir Äerd- an Himmelsgloben ze fabrizéieren.

Familljegrënnung[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1536 bestit de Mercator d'Barbara Schellekens, a 1537 koum hiren éischte Fils Arnold op d'Welt.

De Mercator huet am Joer 1537 eng éischt Kaart geschaaft: d'Amplissima Terrae Sanctae descriptio ad utriusque Testamenti intelligentiam. Am Joer duerno koum du seng éischt Weltkaart no[3]. Datselwecht Joer gouf seng éischt Duechter gebuer; d'Meedchen gouf - nom Numm vu senger Mamm - Emerance gedeeft. Seng zweet Duechter, d'Dorothéa, koum 1539 op d'Welt.

Am selwechte Joer huet de Mercator eng Kaart vu Flandern erausbruecht a 1541 säin éischte Globus, dee sech iwwer Joerzéngte gutt verkaaft huet.

An de Joren 1540 an 1541 goufe seng zwéi Jongen, Bartholomäus (1540-1568) a Rumold gebuer. Am Joer 1542 koum dat sechst a lescht Kand, d'Katharina op d'Welt.

Komplementar zu sengem Äerdglobus vun 1541 huet de Mercator 1551 en Himmelsglobus erausginn. Vun dunn u goufen déi Globe meeschtens als Koppel verkaaft. Hautdesdaags sollen der nach am Ganzen 22 existéieren.

1551 huet de Wëllem de Räichen de Mercator gefrot fir Professer fir Kosmographie op der Universitéit Duisburg ze ginn, déi nei gegrënnt sollt ginn. De Mercator huet d'Offer ugeholl an ass 1552 op Duisburg geplënnert.

Vu 1559 bis 1562 war de Mercator Professer fir Mathematik a Kosmographie am “Akademischen Gymnasium” (haut: “Landfermann-Gymnasium”).

Mat senger grousser Weltkaart vu 1569 (Nova et aucta orbis terrae descriptio ad usum navigantium) krut de Mercator Weltruhm. Méiglecherweis ugereegt vum Erhard Etzlaub, huet hien eng Projektioun fir d'Séifaart an d'Loftfaart entwéckelt déi bis haut fir hir konform Ofbildung bekannt ass; se gëtt als "Mercator-Projektioun" bezeechent. 

D'Haaptwierk[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz viru sengem Doud huet de Mercator säin Haaptwierk fäerdeg gestallt, d'Kosmographie Atlas, sive Cosmographicae Meditationes de Fabrica Mundi et fabricati figura, déi posthum am Joer 1595 vu sengem Jong Rumold publizéiert gouf.

De Mercator ass 1594 als respektéierten a räiche Mann gestuerwen. Säi Graf an der Salvatorkierch zu Duisburg ass verschwonn, nëmme säi prachtvollen Epitaph steet nach do.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Globen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Mataarbecht um Äerdglobus vum Gemma Frisius
  • 1541: Äerdglobus mat engem Duerchmiesser vun 41 cm a mat Loxodromen
  • 1551: Himmelsglobus mat engem Duerchmiesser vun 41 cm

Kaarten[änneren | Quelltext änneren]

Mercator-Projektioun
  • 1537: Amplissima Terrae Sanctae descriptio ad utriusque Testamenti intelligentiam eng Wandkaart aus 6 Blieder vum Hellege Land
  • 1540: Wandkarte aus néng Blieder vu Flandern
  • Eng Weltkaart an enger häerzfërmeger Projektioun vun der Nord- a Südhallefkugel.

Aus der “Duisburger Period” sinn nëmme véier Wandkaarte bekannt:

  • 1554: Europæ descriptio, Wandkaart vun Europa aus 15 Blieder (159 × 132 cm) (gouf 1572 iwwerschafft)
  • 1563/64: eng Kaart vu Loutrengen
  • 1564: Angliæ, Scotiæ et Hiberniæ nova descriptio, Wandkaart vun de Briteschen Inselen an aacht Blieder
  • 1569: Nova et aucta orbis terræ descriptio ad usum navigantium emendate accomodata, déi grouss Wandkaart vun der Welt an 21 Blieder, mat enger Gesamtgréisst vun 134 × 212 cm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Unerkennung fir de Gerhard Mercator goufen ë. a. no him genannt:

  • d'Gerhard-Mercator-Universität Duisburg, déi - duerch d'Fusioun mat der Universität-Gesamthochschule Essen - mëttlerweil Universität Duisburg-Essen heescht;
  • verschidde Stroossen, sou z. B. zu Neustadt am Rübenberge (Gerhard-Mercator-Straße) an zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg (Rue Gerhard Mercator).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gerardus Mercator – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Musée zu Urbania mat den zwéi Globe vum Mercator.
  2. d'Websäit gangelt.de iwwer de Gerhard Mercator
  3. Michael Föllmer, Ruth Löffler, Werner Pöhling, Die Welt des Gerhard Mercator: Karten, Atlanten und Globen aus Duisburg, Duisburg, Kultur- und Stadthistorisches Museum Duisburg und Mercator-Verlag, 2006, p.83.