Op den Inhalt sprangen

Cerro Paranal

Vu Wikipedia
Cerro Paranal
Lénks déi gesprengt Spëtzt mat dem Observatoire
AgenturEuropäesche Südobservatoire
Standplaz vun der AriichtungAtacamawüst, Chile
Art vu FuerschungAstronomie
Héicht2635 m
Koordinaten24° 37’ 33’’ S
      70° 24’ 11’’ W

Den Cerro Paranal ass e Bierg am Norde vum Chile, an der Atacamawüst. De Bierg läit ronn 120 km südlech vun Antofagasta an 12 km vun der Küst ewech. Hie logéiert de Paranal-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire.

D'Atmosphär iwwer dem Bierg zeechent sech duerch eng dréchen an aussergewéinlech roueg Loftstréimung aus, wat de Bierg zu enger attraktiver Plaz fir en astronomeschen Observatoire mécht. D'Spëtzt gouf an de fréiere 1990er Jore vun 2660 m op 2635 m erofgesprengt, fir e Plateau ze schafen, wou een d'Teleskopen opriichte konnt.

D'Plaz krut mat engem Seeing vun 0,18 Bousekonnen de beschte jeemools gemoossene Wäert.