Hobby-Eberly-Teleskop

Vu Wikipedia
Gebai vum Hobby-Eberly-Teleskop

Den Hobby-Eberly-Teleskop (HET) ass en neiaartegt fir Spektroskopie optiméiert Spigelteleskop mat engem effektiven Haaptspigelduerchmiesser vu ronn 9 m. Seng Standplaz ass op 1.980 m Héicht um Mount Fowlkes an Texas no beim McDonald Observatoire.

Den HET ass op fir nei Aarte vun opteschen Teleskopen. Eng Liichtsammelkraaft vergläichbar mat de gréissten Teleskope wéi d'Keck-Teleskopen oder dem VLT sollt mat vill méi niddrege Käschten erreecht ginn. Anescht wéi dës Teleskope ass den HET net an zwou Richtunge (Azimut an Héicht) steierbar. Et weist ëmmer op déi selwecht Héicht vu 55° iwwer dem Horizont, ass awer am Azimut beweeglech. Zu enger bestëmmter Zäit ass domat nëmmen e Krees um Himmel zougänglech, iwwer länger Zäitraim iwwerstreecht awer e groussen Deel vum Himmel dëse Krees. Déi eigentlech Noféierung op den Objet deen observéiert gëtt, gëtt mat engem beweeglechen Tracker no beim Brennpunkt vum Haaptspigel gemaach, an der Zäit an där den Objet sech iwwer dee Krees ewech beweegt. D'Teleskop beweegt sech net an där Zäit. Jee no Deklinatioun vum Objet ass d'Noféierung bis zu maximal 0,75 bis 2,5 Stonne méiglech.

De sphäreschen Haaptspigel vum Hobby-Eberly-Teleskop besteet aus 91 sechseckege Segmenter vu jee 1 m Duerchmiesser. D'Gréisst vum Haaptspigel ass 11,1 × 9,8 m, d'Liichtsammelwierkung entsprécht där vun engem Spigel vun 9,2 m Duerchmiesser. Duerch seng Konstruktioun kann den HET mat anere Groussteleskopen net un Flexibilitéit, Gesiichtsfeld a raimlecher Opléisung konkurréieren, soll awer déi fir héichopgeléiste Spektroskopie néideg Liichtsammelkraaft besonnesch gënschteg erreechen. Duerch een ab 2011 installéiert, verbesserten Tracker gëtt e Siichtfeld vun 22 Bouminutten erreecht.

Den HET ass eng Zesummenaarbecht vun der University of Texas at Austin, vun der Pennsylvania State University, vun der Stanford University, vun der Ludwig-Maximilians-Universitéit München a vun der Georg-August-Universitéit Göttingen. Éischt Observatioune mat wéinege Segmenter hunn 1996 ugefaangen, an 1999 gouf de wëssenschaftleche Betrib opgeholl.

Och de Southern African Large Telescope SALT an Südafrika baséiert um Konzept vum Hobby-Eberly-Teleskop an ass zanter November 2005 am wëssenschaftlechen Asaz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]