Ludwig-Maximilians-Universität München

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Universitéit München)
Ludwig-Maximilians-Universität München
Ludwig-Maximilians-Universität München (LMU)
Typ staatlech Fuerschungsuniversitéit, staatlech Universitéit
Land Däitschland
Uertschaft München
Schülerzuel 52.418
  2023
Gegrënnt 1472 (Julianesch)
Um Spaweck https://www.lmu.de/
Sigel vun der Ludwig-Maximilians-Universitéit

D'Ludwig-Maximilians-Universitéit München (kuerz: LMU oder Uni München) ass eng Universitéit an der bayerescher Landeshaaptstad München. Si gëtt no hirem Grënner dem Herzog Ludwig dem Räichen souwéi dem Kurfürst Maximilian IV. genannt.

Op der Ludwig-Maximilians-Universitéit München sinn iwwer 44.000 Studenten ageschriwwen. D'Universitéitsklinikum an hire Budget zielen net zu der LMU, well et sech bei dem Universitéitsklinikum ëm eng eegestänneg Rechtsperséinlechkeet onofhängeg vun der Universitéit handelt. Mat 160 akadeemeschen Disziplinne bitt d'Universitéit München e besonnesch breet Fächerspektrum. An technesche Fächer steet d'LMU an direkter Konkurrenz zu der Technescher Universitéit München.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ludwig-Maximilians-Universität München – Biller, Videoen oder Audiodateien