Very Large Array

Vu Wikipedia
D'VLA a New Mexico
USGS-Loftfoto vum zentrale Beräich vum VLA aus enger Héicht vu 1700 m
Reparaturhal (Antenna assembly building)

De Very Large Array (VLA) ass en Interferometer fir astronomesch Observatiounen am Radioberäich. D'Anlag steet um Plateau vu San Agustin tëscht de Stied Magdalena an Datil an New Mexico an de Vereenegte Staaten, ongeféier 80 Kilometer westlech vu Socorro. D'Teleskop steet op enger Héicht vun 2.124 m a gehéiert zum amerikaneschen National Radio Astronomy Observatory.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

De VLA besteet aus 27 eenzele Radioteleskope vu 25 Meter Duerchmiesser an engem Gewiicht vun 230 Tonnen, déi op Schinne beweegt kënne ginn. Déi Schinne sinn als Y ugeluecht, an d'Teleskope kënnen op enger Längt vun 21 km placéiert ginn. Nom Prinzip vum Interferometer erreecht en a senger gréisster Ausdeenung d'Wénkelopléisung vun engem Teleskop vu 36 km Duerchmiesser. De VLA ass deen empfindlechste Radiointerferometer fir den Zentimeterwelleberäich, deen et gëtt, a schafft bei Wellelängte vun 0,7–400 cm (entsprécht enger Frequenz tëscht 43 an 0,075 GHz). Déi bescht Wénkelopléisung huet 0,05 Bousekonne (bei enger Wellelängt vun 0,7 cm).

Normalerweis gi véier verschidden Astellunge vun den Teleskope gebraucht. Déi bezeechent ee mat de Buschtawen A fir déi gréisst Astellung bis D, wann all Schosselen op 600 m zesummegezu ginn. Déi verschidden Astellunge ginn a reegelméissegen Ofstänn duerchlaf.

De VLA ass och de Kontrollzentrum fir de Very Long Baseline Array (VLBA), e Very Long Baseline Interferometry-Array mat zéng 25-Meter-Teleskopen déi tëscht Hawaii am Westen an de Joffereninselen am Osten opgeriicht sinn. Et ass dat gréisst astronomescht Instrument op der Äerd.

Fir d'Wellelängt λ vu 25 mm (12 GHz) steet eng Basislängt B vu ronn 8000 km zur Verfügung, vun Hawaii bis zu de Joffereninselen. Déi domat erreechbar Wénkelopléisung δ huet zirka 0,6[1] Milli-Bousekonnen (mat δ ~ λ/B * 180/pi * 60 * 60 a Bousekonnen). Géif déi Opléisung am optesche Beräich bestoen, kéint een um Mound Detailer vun engem Meter erkennen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De VLA gouf an den 1970er gebaut. Déi éischt Antenn gouf am September 1975 installéiert. D'Anlag gouf 1980 opgemaach a gëtt vum amerikaneschen National Radio Astronomy Observatory (NRAO) bedriwwen. Si huet ronn 78,5 Milliounen US-Dollar kascht.

Eng technologesch Weiderentwécklung zum Expanded VLA (EVLA) ass an Aarbecht. Doduerch kann d'Empfindlechkeet vun den Instrumenter, de Frequenzberäich an d'Opléisungsverméige weider vergréissert ginn.

Gäscht[änneren | Quelltext änneren]

D'Anlag ass dat ganzt Joer fir Gäscht am Dag op. E Gaschtzenter, e Musée an e Souvenirsgeschäft souwéi eng Wanderung ginn ugebueden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Very Large Array – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rechnung mat google