National Radio Astronomy Observatory
Ausgesinn
|
Verry Large Array | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Datum vum Bau | 17. November 1956 |
| Opgaangen | 1959 |
| Websäit | https://public.nrao.edu/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Sëtz | Charlottesville |
| Koordinaten | 38°2'12"N, 78°31'5"W |
|
| |
Den National Radio Astronomy Observatory (NRAO) ass eng staatlech amerikanesch Fuerschungsorganisatioun fir Radioastronomie. Den NRAO entwërft, baut a bedreift Radioteleskopen op verschiddene Plazen, haaptsächlech an den USA:
- DHaaptquartéier ass zu Charlottesville am US-Bundesstaat Virginia, um Terrain vun der University of Virginia. Do ass och dee vum NRAO bedriwwenen nordamerikaneschen Zentrum fir d'wëssenschaftlech Ausnotze vum Atacama Large Millimeter Array (ALMA) an en Technologiezentrum;
- Green-Bank-Observatoire: d'Ëmgéigend vum Observatoire a West Virginia ass zur „nationaler radioroueger Zon“ vun den USA erkläert ginn, an där versicht gëtt, kënschtlech Radiosemissiounen, déi stéieren, kleng ze halen. Am Green-Bank-Observatoire gëtt et en ettlech grouss eenzel Radioteleskopen;
- Socorro (New Mexico): vum Array Operations Center (AOC) zu Soccoro aus ginn de Very Large Array an de Very Long Baseline Array bedriwwen;
- Tucson (Arizona), um Terrain vun der University of Arizona: den NRAO huet vun do aus e Millimeterwellen-Radioteleskop mat engem 12 m Antennenduerchmiesser um Kitt-Peak-Observatoire bedriwwen. Fir Finanzmëttelen ze kréien, fir den ALMA kënnen ze bedreiwen, gouf den Teleskop an der Tëschenzäit der University of Arizona zur Verfügung gestallt;
- Santiago de Chile: den NRAO ass um Europäesche Südobservatoire an um kanadeschen National Research Council um Atacama Large Millimeter Array bedeelegt, deen am Norde vum Chile, op enger Héicht vu ronn 5.000 Meter, opgebaut gouf an den 13. Mäerz 2013 opgaangen ass. Do sinn am Ganze 66 Antennen installéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: National Radio Astronomy Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NRAO Homepage
