Kitt-Peak-Observatoire
|
De Kitt-Peak-Nationalobservatoire | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Proprietär | Observatiounsanlag |
| Bedreiwer | Association of Universities for Research in Astronomy |
| MPC-Code | 695 |
| Datum vum Bau | 1958 |
| Opgaangen | 1958 |
| Websäit | https://noirlab.edu/public/programs/kitt-peak-national-observatory/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Regioun/Gemeng | Arizona |
| Koordinaten | 31°57'30"N, 111°35'48"W |
| Héicht | 2.096 m |
|
| |
De Kitt-Peak-Nationalobservatoire (Kitt Peak National Observatory) ass ee groussen astronomeschen Observatoire um 2.095 m héije Bierg vum Kitt Peak an der Sonora-Wüst, 65,4 km (Loftlinn) südwestlech vu Tucson, am US-Bundesstaat Arizona.
De Kitt Peak gouf am Joer 1958 als Beräich fir den US-amerikaneschen Nationalobservatoire ausgewielt. Haut huet den Observatoire ronn 20 optesch Teleskopen, vun deenen de Mayall Telescope an de WIYN Telescope mat Haaptspigel vu 4 m resp. 3,5 m Duerchmiesser déi gréisst sinn. De Spacewatch-Projet bedreift zwéi Spigelteleskope vun 1,8 m resp. 0,9 m Duerchmiesser fir d'Observatioun vun Asteroiden a Koméiten, besonnesch awer fir d'Opfanne vun äerdnoen Objeten. Fir d'Observatioun vun der Sonn stinn um Kitt Peak de McMath-Pierce Solar Telescope, de gréisste Sonnenteleskop vun der Welt, souwéi de Kitt Peak Vacuum Telescope zur Dispositioun. Weider stinn um Kitt Peak och nach zwéi Radioteleskope vun 12 m a 25 m Duerchmiesser. De leschte gëtt a Kombinatioun mat anere Radioteleskopen am Very Long Baseline Array als radioastronomeschen Interferometer gebraucht.
Billergallerie
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kitt-Peak-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |








