Henri Pirenne

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Henri Pirenne
Henry.Pirenne.Portrait.gif
Gebuertsnumm Jean Henri Otto Lucien Marie Pirenne
Gebuer 23. Dezember 1862
Verviers
Gestuerwen 24. Oktober 1935
Uccle/Ukkel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck,
Universitéit vu Leipzig,
Universitéit vu Paräis,
École pratique des hautes études
Aktivitéit Medievist, Historiker, Universitéitsprofesser
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Belsch Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Henri Pirenne, gebuer den 23. Dezember 1862 zu Verviers a gestuerwen de 25. Oktober 1935 zu Uccle, war e belschen Universitéitsprofesser, Medievist, Auteur a Resistenzler an der Zäit vun Éischte Weltkrich.

Hien ass de Papp vum Egyptolog Jacques Pirenne an de Brudder vum Moler Maurice Pirenne.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Jugend a Studium[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.

Vun 1886 bis 1930 war den Henri Pirenne Professer op der Staatsuniversitéit Gent.

Resistenz a Gefaangeschaft[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.


Wierken an Afloss[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Pirenne gëllt als ee vun de bedäitendsten Historiker vu senger Zäit. Hien huet e wichtege Bäitrag geleescht bei der Erklärung, wéi nom Enn vum Westréimesche Räich, lues a lues eng ganz aner Epoch, d'Mëttelalter, konnt entstoen: 1. duerch d'Opkomme vun neie Staaten an 2. duerch d'Verlagerung vum Wirtschaftsschwéierpunkt vum Süde vun Europa no Norden, wat sech no an no haaptsächlech am Dräieck Loire-Nordmier-Elbe gewisen huet. Beispiller dofir wieren d'Foires de Champagne, d'Duchindustrie an der Grofschaft Flandern an an den Nopeschgebidder, d'Wollproduktioun an England, de Schëffsbau an den Handel an Holland, d'Hansestied, asw.

Eng aner Thes vum Pirenne, déi allerdéngs haut staark ëmstridden ass, beseet, datt de moderne belsche Staat, deen 1830 entstanen ass, als logesch Folleg vun engem Prozess ze gesinn ass, dee schonns mat der Politik vun den Herzoge vu Burgund ugefaangen hat. Dës bestoung doranner, déi verschidde Principautéiten am Raum Schelde-Meuse-Nidderrhäin ze versammelen a souwäit wéi méiglech ze vereenegen, wat allerdéngs nëmmen zu engem klengen Deel, an nach nëmmen um administrativ-judikative Plang geklappt huet.

Schliisslech huet de Pirenne och nach ee bedäitende Bäitrag an der Entwécklungsgeschicht vun de Stied am Mëttelalter geliwwert.

Seng Approche vun de geschichtlechen Themen huet vill aner Historiker, souwuel an der Belsch wéi am Ausland, beaflosst. Sou kann een z.  B. behaapten, datt déi bekannt franséisch École des Annales zu engem gudden Deel op sengen Theorië fousst.

Éierungen an Erënnerungen[änneren | Quelltext änneren]

Fir un hien z'erënneren, krute Stroossen zu Braine-l'Alleud, Grivegnée a Verviers den Numm rue Henri Pirenne an eng belsch Theatertrupp nennt sech Dramatique Henri Pirenne.

Zu Bréissel, um Bord vum Bois de la Cambre, op der Gafel vun der Avenue du Brésil knapps 1.200 Meter vum Campus du Solbosch vun der ULB, steet eng Statu vum Pirenne.

Publikatiounen (Iwwerbléck)[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire de la constitution de la ville de Dinant au Moyen Âge; Gent (éd. scientif. Van Goethem; Collection de l'Université de Gand, Recueil de travaux publiés par la Faculté de Philosophie et Lettres; 2e fascicule), 1889.
  • Les anciennes démocraties des Pays-Bas; Paräis (Flammarion), 1910.
  • Les villes au Moyen Âge - Essai d'histoire économique et sociale; Bréissel (Lamertin), 1927.
  • Mahomet et Charlemagne; éischt Oplo: 1936; rezent: Paräis (PUF), 1970; rééditéiert 2005.
  • Histoire de la Belgique; 4 grouss Bänn, ill.; Bréissel (La Renaissance du Livre), 1948-1952. - Et gëtt eng Ausgab a 7 Bänn in-8°, 1899-1932.
  • Bibliographie de l'histoire de Belgique - Catalogue méthodique et chronologique (...); Bréissel (Maurice Lamertin, éd.), 1931 (= 3. erweidert Ausgab, an Zesummenaarbecht mam Henri Nowé a mam Henri Obreen).
  • La Belgique et la guerre mondiale; 1928.
  • Souvenirs de captivité en Allemagne, Revue des Deux Mondes 6e période, t. 55, p. 539-560 et 829-858 (1920)
  • Les villes et les institutions urbaines; Paräis (Alcan), 1939.
  • Histoire économique de l'Occident médiéval; Paräis, 1951 (posthum erauskomm).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • B. Lyon, Henri Pirenne. A Biographical and Intellectual Study; B-Gent, 1974.
  • (Kollektiv), Histoire et historiens depuis 1830 en Belgique; Sonnernummer vun der Revue de l'Université de Bruxelles, 1981, Nr. 1-2.
  • Hervé Hasquin, Historiographie et politique - Essai sur l'histoire de Belgique et la Wallonie; Charleroi (Institut Jules Destrée), 1981 (1. Ausgab).
  • Fernand Vercauteren, Cent ans d'histoire nationale en Belgique; Bréissel (La Renaissance du Livre), 1959.
  • Georges Despy & Adriaan Verhulst (Éditeuren), La fortune historiographique des thèses d'Henri Pirenne; Bréissel, 1986.
  • Jean C. Baudet, À quoi pensent les Belges? Du prince de Ligne à Amélie Nothomb, qui sont les intellectuels en Belgique?; Bréissel (Jourdan Éditions), 2010; vgl. d'Ss. 102, 151-152 an 190-191!

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]