Georges Bizet

Vu Wikipedia
Georges Bizet
Gebuertsnumm Alexandre Cesar Leopold Bizet
Gebuer 25. Oktober 1838
Paräis
Gestuerwen 3. Juni 1875
Bougival
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Dirigent, Pianist, Komponist

De Georges Bizet, gebuer de 25. Oktober 1838 zu Paräis als Alexandre-César-Léopold a gestuerwen den 3. Juni 1875 zu Bougival bei Paräis) war e franséische Komponist aus der Zäit vun der Romantik.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Bizet war e musikalescht Wonnerkand, dat scho mat 10 Joer an de Paräisser Conservatoire gaangen ass. Hien huet vun 1848 u Piano beim Antoine François Marmontel, Uergel beim François Benoist a Kompositioun beim Jacques Fromental Halévy studéiert. 1851 war hien Zweeten an, 1857 Éischte vum Prix de Rome. Mat dësem Stipendium ass hien an Italie gaangen, ass awer e puer Joer méi spéit op Paräis zeréckkomm, wou hie säi ganzt Liewe bliwwen ass a Musek komponéiert huet. 1869 huet hie sech mat der Geneviève Halévy bestuet. No engem gutt opgefëllte Liewen ass hie mat 36 Joer un de Follge vun enger Sepsis zu Bougival gestuerwen.

Säi bekanntst Wierk ass d'Oper Carmen. De Bizet huet säin Erfolleg awer net méi erlieft.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Bünewierker
    • Le docteur Miracle, Operett an 1 Akt (1856), Uropféirung: Paräis 9. Abrëll 1857
    • Don Procopio, Opera buffa an 2 Akten (1858/59), Uropféirung op Franséisch zu Monte Carlo 10. Mäerz 1906
    • Ivan IV, Oper a 5 Akten (1862/63, rev. 1864/65),
    • Les pêcheurs de perles, Oper an 3 Akten (1863), Uropféirung: Paräis 30. September 1863
    • La Jolie Fille de Perth, Oper a 4 Akten (1866/67), Uropféirung: Paräis 28. Dezember 1867
    • Djamileh, Opéra comique an 1 Akt (1871), Uropféirung: Paräis 22. Mee 1872
    • Carmen, Opéra comique a 4 Akten (1873/74), Uropféirung: Paräis 3. Mäerz 1875
  • Orchesterwierker
    • Symphonie C-Dur (1855), Uropféirung: Basel 26. Oktober 1935
    • Roma, Symphonie C-Dur (1860-68), Uropféirung: Paräis 28. Februar 1869
    • Ouvertüre a-Moll (zirka 1855), Uropféirung: Paräis 26. Oktober 1938
    • Marche funèbre (1868/69)
    • L'Arlésienne, Bünemusek zum Alphonse Daudet sengem Bünestéck an 3 Akten (1872),
    • L'Arlésienne, Suite a 4 Sätz (1872), Uropféirung: Paräis 10. November 1872
    • Patrie!.... Ouvertüre (1873), Uropféirung: Paräis 15. Februar 1874
    • Duo fir Violoncello a Fagott c-Moll (1874)
  • Pianowierker
    • Deux caprices (1851)
    • Grande valse de concert Es-Dur (1854)
    • Chasse fantastique (1865)
    • Chants du Rhin (1865)
    • Variations chromatiques c-Moll op. 3 (1868)
    • Nocturne F-Dur (1857)
    • Nocturne D-Dur (1868)
    • 3 Esquisses musicales (1868)
    • Jeux d'enfants (Kannerspiller), 12 Stécker fir 4 Hänn op. 22 (1872)
  • Aner Vokalwierker
    • Te Deum, eenzegt geestlecht Wierk (1858),
    • Kantaten
    • Chéier
    • Lidder

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Winton Dean: Georges Bizet. Leben und Werk. übs. Konrad Küster. Deutsche Verlags-Anstalt Stuttgart 1988, ISBN 3-421-06385-0
  • Edgar Istel: Bizet und Carmen. Stuttgart 1927
  • Rémy Stricker: Georges Bizet. Gallimard 1999 ISBN 2-07-074803-0
  • Christoph Schwandt: Georges Bizet. Mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlts Monographien. Rowohlt, Reinbek 1991, ISBN 3-499-50375-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Bizet – Biller, Videoen oder Audiodateien