Jacques Bach

Vu Wikipedia
Jacques Bach
Gebuer 29. Abrëll 1941
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 1. Mäerz 2013
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch,
Fola Esch,
Jeunesse Esch,
US Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Jacques Bach, gebuer den 29. Abrëll 1941 zu Esch-Uelzecht an och do gestuerwen den 1. Mäerz 2013[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Hien huet den 10. Dezember 1961, an engem Frëndschaftsmatch, deen zu Esch géint Frankräich ausgedroe gouf, fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3] A senger Carrière huet hie fir déi dräi Escher Foussballsekipp gespillt: vun 1959 bis 1963 war hie bei der Jeunesse, mat där hien dräimol de Championnat gewonnen huet, duerno ass hie bei d'Fola gewiesselt, mat där hien 1968 d'Éierepromotioun gewonnen huet. No enger schwéierer Blessur um Been huet hie missen ophale mam Foussballspillen.

Wéi 1972 den deemolegen Trainer vun der Jeunesse Gilbert Legrand him awer sot, datt en nach a Form wier, huet hie kuerzerhand erëm mam Foussballspillen ugefaangen. Hien huet dunn awer just fir e puer Méint, bis d'Saison eriwwer war, bei der Jeunesse gespillt.

Duerno ass hie bei d'US Esch gewiesselt, mat där hien de Sprong an d'1. Divisioun gepackt huet. Hien ass deemno den eenzege Spiller dee mat den 3 Ekippe vun Esch gespillt huet.

De Jacques Bach war och jorelaang Trainer vun de Jugendekippe vun der Jeunesse.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.mywort.lu/esch-sur-alzette/28632968.html
  2. De Jacques Bach op der Websäit Weltfussball.de
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jacques Bach op der Websäit vun European Football