Chick Corea

Vu Wikipedia
Chick Corea
Gebuertsnumm Armando Anthony Corea
Gebuer 12. Juni 1941
Gestuerwen 9. Februar 2021
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Pianist, Komponist, Jazzmuseker, Discographesche Kënschtler

Den Armando Anthony ("Chick") Corea, gebuer den 12. Juni 1941 zu Chelsea, am Massachusetts, a gestuerwen den 9. Februar 2021[1] zu Tampa, a Florida, war en US-amerikanesche Jazz-Museker.

Hie gëtt zu de bedeitendsten zäitgenësseschen Jazz-Pianisten a -Komponiste gezielt, a gëllt als ee vun de 'Pappe' vum Jazzrock.[2]

Hien huet 23 Grammy Awards gewonnen, a gouf 67 Mol dofir nominéiert.[3]

Hien huet ë. a.an der Band Return to Forever mam Stanley Clarke, Joe Farrell, Airto Moreira an der Flora Purim zesummegespillt; an der Elektric Band mam Dave Weckl, John Patitucci, Scott Henderson a Carlos Rios; an der Five Peace Band ë. a. mam John McLaughlin. Hien huet mam Miles Davis, Herbie Hancock, Roy Haynes oder Bobby McFerrin zesumme gespillt, a Solo-Projete gemaach.

Hie war Member vu Scientology.

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

zu Deauville, 1992.
mam Béla Fleck, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chick Corea – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chick Corea ist tot." zeit.de, 2021-02-11, gekuckt:2021-02-12
  2. Biographie bei NEA, gekuckt 2021-02-14.
  3. "Chick Corea" grammy.com, 2021-02-14.