Hage Geingob

Vu Wikipedia
Hage Geingob
Gebuer 3. August 1941
Gestuerwen 4. Februar 2024
Windhoek
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Namibien
Educatioun Fordham University,
The New School
Aktivitéit Politiker, Fuerscher
Partei SWAPO

Den Hage Gottfried Geingob, gebuer den 3. August 1941 zu Otjiwarongo, a Südwestafrika[1], a gestuerwen de 4. Februar 2024 zu Windhoek[2] war en namibesche Politiker a vum 21. Mäerz 2015 bis zu sengem Doud Staatspresident vun Namibia. Hie war vum Mäerz 1990 bis August 2002 deen éischte Premierminister vum Land a gëtt zu de Matgrënner vum onofhängegen Namibia gezielt. Vum 8. Abrëll 2008 bis de 4. Dezember 2012 war hien Handels- an Industrieminister. Dono war e bis den 21. Mäerz 2015 op en Neits Premierminister.

Hie gouf 2007 Vizepresident an 2017 President vun der SWAPO .

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hage Geingob – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hage Geingob ist 70 geworden. Allgemeine Zeitung (Windhoek), 5. August 2011
  2. "Namibias Präsident Hage Geingob gestorben." tt.com, 2024-02-04