Fritz Wepper

Vu Wikipedia
Fritz Wepper
bei der Abt Racing Show 2006
Gebuer 17. August 1941
München
Gestuerwen 25. Mäerz 2024
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Wittelsbacher-Gymnasium
Aktivitéit Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Member vun Deutsche Filmakademie
Famill
Bestuet mat Angela von Morgen, Susanne Kellermann
Geschwëster Elmar Wepper
Kanner Sophie Wepper

De Fritz Wepper, gebuer de 17. August 1941 zu München an och do gestuerwen de 25. Mäerz 2024, war en däitsche Schauspiller.

De Fritz Wepper war de Brudder vum Schauspiller Elmar Wepper an de Papp vun der Schauspillerin Sophie Wepper.

Bekannt Filmer vum Wepper sinn den Antikrichsfilm Die Brücke (1959) vum Bernhard Wicki, de Musical Cabaret vum Bob Fosse mat der Liza Minnelli an de Science-Fiction Drama Le dernier combat vum Luc Besson.

Populär als Schauspiller war hien awer besonnesch an Däitschland duerch TV-Serië wéi Der Kommissar (1968-1974) wou hien a 66 Episoden ze gesi war an duerch d'Serie Derrick (1974-1998) wou hien an allen 281 Episode matgespillt huet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1968-1974: Der Kommissar (TV-Serie) (66 Episoden)
  • 1974-1998: Derrick (TV-Serie) (281 Episoden)
  • 1994-2000: Zwei Brüder (TV-Serie) (17 Episoden)
  • 2002-2021: Um Himmels Willen (TV-Serie) (264 Episoden)
  • 2007-2017: Mord in bester Gesellschaft (TV-Serie) (15 Episoden)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]