Kim Jong-il

Vu Wikipedia
Kim Jong-il
Gebuertsnumm Юрий Ирсенович Ким
Gebuer 16. Februar 1941
Gestuerwen 17. Dezember 2011
Pjöngjang
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Nordkorea
Educatioun Universitéit vu Malta
Aktivitéit Politiker, Militär
Famill
Bestuet mat Ko Yong-hui
Liewenspartner(in) Ko Yong-hui
Papp Kim Il-sung
Kanner Kim Jong-nam, Kim Sul-song, Kim Jong-chol, Kim Jong-un, Kim Yo-jong

De Kim Jong-il, gebuer de 16. Februar 1941 zu Wjatskoje bei Chabarowsk, am Südoste vun der Sowjetunioun,[1] a gestuerwen de 17. Dezember 2011, war vun 1994 bis zu sengem Doud den ongewielten Diktator vun Nordkorea.

Hien ass de Jong vum éischten nordkoreaneschen Diktator Kim Il-sung an de Papp vum aktuellen nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-un.

Regimm[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell war de Kim Jong-il de Generalsekretär vun der Partei vun der Aarbecht vu Korea, de President vun der Nationaler Verdeedegungskommissioun vun Nordkorea an den ieweschte Kommandant vun der Koreanescher Volleksarméi. Dat huet him eng onageschränkt Muecht am Land erméiglecht.

Wärend dem Kim sengem Regimm huet säi Land ënnert enger Hongersnout gelidden, bei där Millioune Mënschen ëm d'Liewe komm sinn,[2] a sech duerch schwéier Mënscherechtsverletzungen ausgezeechent. De Kim huet Nordkorea am Staatsterrorismus involvéiert an d'Roll vum Militär gestäerkt. Et goufen ënnert him och duuss wirtschaftlech Reforme gemaach, an deem zum Beispill Ufank der 2000er en Industriepark un der südkoreanescher Grenz opgemaach gouf.

Persounekult[änneren | Quelltext änneren]

Wéi scho bei sengem Papp gouf ëm de Kim Jong-il en elaboréierte Persounekult bedriwwen. Wa geschriwwen, huet säin Numm ëmmer fett ervirgehuewe musse ginn. Wann an den nordkoreanesche Medie vun him rieds war, huet säin Numm missen en Attribut hunn, wéi "léiwe Guide",[3] oder "deen aus dem Himmel erofkomm ass".[4] A senger offizieller Biographie goufen him scho bal iwwermënschlech Qualitéiten ugedicht: hien hätt ni mussen op d'Toilette,[5] hätt eng sëllegen Opere komponéiert an den héchsten Tuerm am Land designt,[6] a souguer den Hamburger erfonnt...[5]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de sëllege Wierker, déi hien als Auteur uginn, gëtt et eent op Lëtzebuergesch:

  • Kim Djhöng-il: Déi historesch Lekzioun vum Opbau vum Zozialissem an déi allgemeng Linn vun onser Partei. Iwwersat vu Jo Muttergé. Lëtzebuerg: COPE 1992, 48 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kim Jong-il – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Senger offizieller Biografie no ass de Kim Jong-il de 16. Februar 1942 um Paektusan am deemolege Japanesche Keeserräich gebuer
  2. theatlantic.com: How Kim Jong Il Starved North Korea (20. Dezember 2011)
  3. japantimes.com: North Koreans mark seventh anniversary of 'Dear Leader' Kim Jong Il's death (16. Dezember 2018)
  4. telegraph.co.uk: Kim Jong-il dead: the official titles of North Korea's Unique Leader (20. Dezember 2011)
  5. 5,0 5,1 theguardian.com: Kim Jong-il: ten things you never knew (19. Dezember 2011)
  6. Profil op BBC News vum Kim Jong-il (9. Juni 2000)