Hamburger

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Hamburger fir z'iessen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Hamburger (Homonymie).
En Hamburger

En Hamburger (och alt Burger ofgekierzt) ass e Sandwich, bei deem eng oder méi platt Bulletten (Frikadellen) aus gehaaktem Fleesch (meeschtens Rëndfleesch), dat gebroden oder gegrillt gouf, an en duerchgeschniddent Bréitche geluecht goufen. Hamburger ginn dacks mat enger Tranche Kéis preparéiert (da gi se Cheeseburger genannt), dobäi kënnen och Laitue, eng Tomatentranche, gebrodene Speck, Ënnen, agemaache Kornischongen oder soss Geméis kommen, sou wéi Gewierzer, Moschter, Mayonnaise, Ketchup, oder soss Zosen.

E ronnt gefëllt Bréitchen, dat mat aneren Ingredienze gefëllt gëtt, kann dann duerch Prefixe méi genee bestëmmt ginn, wéi z. B. Veggie-Burger (gegrillt Geméis), Fishburger (panéierte Fësch), Chickenburger (Poulet), Lamburger (Hämmelfleesch), asw.

Hamburger gehéieren zum Standard-Menu vu Fastfood-Restauranten, well se séier, mat wéineg Ingredienzen, an no standardiséierte Methode kënne preparéiert ginn. Et gëtt awer och spezialiséiert Restauranten, déi dat op eng méi "artisanal" Aart a Weis maachen, a Wäert op héichwäerteg Qualitéit leeën.

D'Etymologie vum Wuert konnt net ermëttelt ginn, well et keen direkt novollzéibaren Zesummenhank mat der Stad Hamburg gëtt. Wéini a wou de Begrëff fir déi Zort vu Sandwich fir d'éischt gebraucht gouf, ass och net kloer. Et ass s just gewosst, datt en uganks vum 20. Joerhonnert an den USA schëtzeg populär gouf. Haut ass et d'Symbol fir déi nordameriknesch Iessgewunnechten.

Mat der Verbreedung vun internationale Fastfoodchaînë gouf den Hamburger och vun den 1970er Joren un notamment an Europa ëmmer méi populär, wou en nach ëmmer a Konkurrenz steet mat klassesche garnéierte Sandwicher (wou éischter eng Tranche Ham oder Zoossis als Fleesch drop kënnt), gebrodene Wirschtecher am Bréitchen, an ëmmer méi dem Döner Kebab.