Concomber

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kornischong)
Concomber
Grouss Kornischong
Cucumis sativus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Cucurbitales
Famill Kürbisplanzen
Gattung Cucumis
Wëssenschaftlechen Numm
Cucumis sativus
L., 1753

D'Concomber[1], och nach Grouss Kornischong oder just Kornischong (Cucumis sativus), ass eng Aart aus der Famill vun de Kürbisgewächser an och hir gréng fest Bierefruucht déi een iesse kann. Wéi all Bierefriichte gëtt se hire Som eréischt fräi, wann d'Fruuchtfleesch vergeet. Si besteet bis zu 97 Prozent aus Waasser. Mat 9,7 kcal pro 100 g gëllt s'als kalorienaarm. Si ass aus enger fleescheger Bierefruucht mat eefërmegen, platte Somkären.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kürbisgewächs huet seng Originnen an Ostindien. Do gouf et schonn am 3. Joerhonnert viru Christus ugebaut. Et war schonn den ale Griichen an de Réimer bekannt.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Kornischonge kann ee réi iessen. Si kënnen duerch Mëllechsaiergärung als Concomberen (richteg Sauer Kornischongen) oder mat Esseg agekacht als Essegkornischongen oder Gewierzkornischonge konservéiert ginn.

Inhaltsstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Kornischongen hunn en héije Gehalt vu Vitaminn K an vu Kalium, Zénk a Mangan.

Gesondheetswäert[änneren | Quelltext änneren]

Kornischonge solle kill gelagert ginn a kënne sech sou bis zu e puer Deeg halen. Wa méiglech soll ee se net schielen, well déi meescht Vitaminnen a Mineralstoffer just ënner der Schuel leien. D'Schuel soll dowéinst och net cheemesch behandelt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cucumis sativus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Concomber. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 21.11.2021.