Diskussioun:Concomber

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn a mengem Dictionnaire Cornichon (ouni g) oder Kornichong (mat K a g) stoen. Ka vlaicht een dat nokuken, oder huet schonn een dat vlaicht gemacht? --Alexandra 10:50, 4 Mee 2005 (UTC)

Am Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch (eis "Bibel") steet: Kornischong, Kornischongen. --Cornischong 10:55, 4 Mee 2005 (UTC)

Heescht dat, datt verschidde Leit elo hire Usernumm ännere mussen?  ;-))) --Otets 10:59, 4 Mee 2005 (UTC)

Ahjo, et schéngt esou :-) Ech hunn d'Buch 6000 Wierder op Lëtzebuergesch. Wat solle mir dann elo machen? Kornichong steet jo an denen zwee ? Wat mengt dir? --Alexandra 11:23, 4 Mee 2005 (UTC)

Et war Zäit ginn, dat z'änneren, well ënner-, tëschen-, hanner- an onbewosst huet dat mech (an dat mierken ech eréischt elo) dronke gemaach. --Cornischong 11:43, 4 Mee 2005 (UTC)

Urban Legend?[Quelltext änneren]

"Wa méiglech soll en se net schielen, well di meeschte Vitaminnen a Mineralstoffer just ënnert der Schuel leien": Stëmmt dat, oder ass dat eng vun deene Storien, déi gutt ze liese sinn, mee just net stëmmen??? --Cornischong 13:37, 30 Juli 2005 (UTC)

Dach, dat stëmmt. Keng Urban Legen :-) --Alexandra 09:06, 31 Juli 2005 (UTC)