Mayonnaise

Vu Wikipedia
E Flapp Mayonnaise

Mayonnaise ass eng déckflësseg Zooss meeschtens op der Basis vun Eegiel an Ueleg, déi kal produzéiert gëtt.

Hir Grondlag ass eng Emulsioun vun Ueleg an Zitrounejus, resp. Esseg, woubäi d'Lecithin aus dem Eegiel als Emulgator figuréiert.

Je no Rezept ginn an d'Eegiel Salz, Peffer oder Moschter ënnergeréiert.

Etymologesch gëtt den Numm dacks op déi minorquinesch Hafestad Mahón (Maó) zeréckgefouert, wou d'Fransousen den 28. Juni 1756 eng Schluecht géint d'Englänner gewonnen haten. Eng nei kreéiert Zooss wier vum Richelieu, deen an der Schluecht de Kommando hat, dono genannt ginn. Eng aner, méi terre-à-terre Theorie seet, et kéim ganz einfach vum franséische Verb mailler , wat klappen, schloen heescht.

Wat däerf als "Mayonnaise" verkaaft ginn, ass jee no Land gesetzlech virgeschriwwen: An der Belsch z. B. muss d'Mayonnaise op d'mannst zu 80% aus Fett a 7,5% aus Eegiel bestoen. De spuenesche Legislateur verlaangt just 65% Fett.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Alan Hope: "Sauce of tension:Food industry wants rethink of mayonniase law." flanderstoday.eu, 2015-07-17.