Sherwood Anderson

Vu Wikipedia
Sherwood Anderson
Sherwood Anderson (1933).jpg
Gebuer 13. September 1876
Gestuerwen 8. Mäerz 1941
Doudesursaach Bauchfellentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Letters
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Sherwood Anderson gebuer den 13. September 1876 zu Camden, Ohio, a gestuerwen den 8. Mäerz 1941 zu Colon am Panama, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Seng Aarbecht, déi ëm déi 40 Wieker ëmfaasst, besteet aus Kuerzgeschichten, Romaner, Prosagedichter, Reportagen, an Autobiographien déi tëscht 1916 an 1941 erauskoumen. Am Ufank staark diskutéiert, duerno praktesch an de Vergiess gerode si seng Wierker Enn der sechzeger Joren erëm an d'Gespréich komm.

Den Anderson koum aus enger aarmer Bauerefamill, konnt net vill léieren, an huet probéiert seng Bréidercher als Geschäftsmann an an der Publicitéit ze verdéngen. Hie war beim Spuenesch-Amerikanesche Krich dobäi, an duerno war hie Chef vun enger Faarwefabrik.

No engem Nervenzesummebroch am Joer 1913 huet hien de Beruff opginn, a seng Famill verlooss fir sech nach just mam Schreiwen ze beschäftegen.

D'Joren duerno waren net einfach fir hien. D'Evenementer aus där Zäit mat deelweis dramatesche Konsequenze beschreift hien a sengem Wierk A Story-Teller's Story, vun 1924, an a Memoirs déi 1942 erauskoumen.

1921 ass hien op Paräis gaangen, wou hien d'Gertrude Stein, an den iresche Schrëftsteller James Joyce kennegeléiert huet.

Eent vu senge bekanntste Wierker ass Winesburg, Ohio.

A Poor White vun 1921, säi beschte Roman, dréckt hie seng Gefiller vum Zweiwel a vun der Nidderlag aus.

Et kann ee soen datt den Anderson mat déi schéinst Kuerzgeschichten an der amerikanescher Literatur geschriwwen huet. Dozou gehéieren The Triumph of the Egg, Horses and Men, Death in the Woods, an The Sherwood Anderson Reader.

Hien huet mat senge Wierker Schrëftsteller wéi de William Faulkner, Thomas Wolfe, James T. Farrell, Henry Miller an Ernest Hemingway beaflosst. Den Hemingway deen och vun der Gertrude Stein beandrockt war schreift vun deenen zwee a senger Satir Torrents of Springs.

Fir jonk Schrëftsteller huet den Anderson de Refus vum Puritanismus duergestallt, gekoppelt mat enger populärer Ausdrocksweis, déi där vum Mark Twain nostoung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sherwood Anderson – Biller, Videoen oder Audiodateien