William Faulkner

Vu Wikipedia
William Faulkner
Gebuertsnumm William Cuthbert Falkner
Gebuer 25. September 1897
Gestuerwen 6. Juli 1962
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Virginia
Aktivitéit Dréibuchauteur, Dichter, Romancier, Novellist, Dramatiker, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Letters
De William Faulkner (1954).

De William Cuthbert Faulkner, gebuer de 25. September 1897 zu New Albany, am Bundesstaat Mississippi, a gestuerwen de 6. Juli 1962 zu Byhalia, a Mississippi; mam richtegen Numm William Cuthbert Falkner, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

A sengem villschichtege Wierk thematiséiert hien ë. a. de kulturellen Ënnergang vun den amerikanesche Südstaaten, notamment d'Dekadenz vu fréier respektabele Famillje vun do, an d'Géigesätz tëscht der wäisser a schwaarzer Bevëlkerung. Déi meescht vu senge Romaner a Kuerzgeschichte spillen am fiktiven Yoknapatawpha County, dat e gewësse Glach mat sengem reale Wunnsëtz, dem Lafayette County, huet.

Nieft Romaner a Kuerzgeschichten huet hien och Dréibicher geschriwwen, ë. a. vun de Verfilmunge vum Raymond Chandler sengem The Big Sleep an dem Ernest Hemingway sengem To Have and Have Not (bei deenen zwéin huet den Howard Hawks Regie gefouert).

1950 krut hien den Nobelpräis fir Literatur a posthum 1963 (fir Die Spitzbuben) de Pulitzer-Präis fir Belletristik

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • Soldiers' Pay (1926)
  • Mosquitoes (1927)
  • Sartoris (1929)
  • The Sound and the Fury (1929)
  • As I Lay Dying (1930)
  • Sanctuary (1931)
  • Light in August (1932)
  • Pylon (1935)
  • Absalom, Absalom! (1936)
  • The Wild Palms/The Old Man oder If I Forget Thee Jerusalem (1939)
  • The Hamlet (1940)
  • Intruder in the Dust (1948)
  • Requiem for a Nun (1951)
  • A Fable (1954)
  • The Town (1957)
  • The Mansion (1960)
  • The Reivers (1962)
  • Flags in the Dust (1973)

Erzielungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sherwood Anderson and Other Famous Creoles (1926)
  • These 13 (1931)
  • The Unvanquished (1938)
  • Go Down, Moses (1942)
  • Collected Stories (1950)

Gedichtssammlungen[änneren | Quelltext änneren]

  • The Marble Faun (1924)
  • A Green Bough (1933)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Blotner: Faulkner. A Biography. Zwei Bände. Random House, New York 1974; Jackson 2005, ISBN 1-57806-732-4
  • Peter Nicolaisen: William Faulkner. Mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlt, Reinbek 1981; 4. A. 2004, ISBN 3-499-50300-X
  • Stephen B. Oates: William Faulkner. Sein Leben, sein Werk. Diogenes, Zürich 1990; ebd. 1997, ISBN 3-257-22976-3
  • Carolyn Porter: William Faulkner. Lives and Legacies. Oxford University Press, Oxford 2007, ISBN 978-0-19-531049-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Faulkner – Biller, Videoen oder Audiodateien