John Stanley Plaskett

Vu Wikipedia
John Stanley Plaskett
Gebuer 17. November 1865
Gestuerwen 17. Oktober 1941
Nationalitéit Kanada
Educatioun Universitéit vun Toronto
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society
Famill
Kanner Harry Hemley Plaskett

Den John Stanley Plaskett, gebuer de 17. November 1865 zu Oxford County bei Woodstock a Kanada a gestuerwen de 17. Oktober 1941 zu Victoria war e kanadeschen Astronom.

De geléierte Maschinnebauer huet am Joer 1889 e Studium a Mathematik a Physik ugefaangen. 1903 huet hien am Dominion-Observatoire zu Ottawa ugefaange mat schaffen. Hie gouf 1918 Direkter vum Observatoire zu Victoria, dat hie matgegrënnt hat.

De Plaskett huet op de Gebidder vun der wëssenschaftlecher Fotografie, der Stellarspektroskopie souwéi der Bestëmmung vun der Radialvitess vu spektroskopeschen Duebelstäre geschafft. Hien huet och e Katalog mat iwwer 500 Radialvitessë publizéiert. Fuerschungen iwwer d'Rotatioun vu Galaxië war eng weider Leidenschaft vun him.

1930 krut hie fir seng Aarbecht d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society. 1970 gouf de Krater Plaskett um Äerdmound nodréiglech no him genannt.

Säi Jong, den Harry Hemley Plaskett (1893-1980) war och Astronom.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie