Sergio Mattarella

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait als President.

Den Sergio Mattarella, gebuer den 23. Juli 1941 zu Palermo, ass en italienesche Riichter a Politiker. Hien ass zanter dem 3. Februar 2015 President vun der Republik Italien.

Säi Virgänger Giorgio Napolitano hat am Januar 2015 demissionéiert. Et ass zu neie Wahle komm. Am éischte Wahlgang krut de Mattarella 5 Stëmmen, am zweeten an am drëtte Wahlgang krut hien der 4. Eréischt am véierte Wahlgang ware sech d'Deputéiert an d'Senatoren eeneg: nom véierte Wahlgang krut hie 665 Stëmmen vun 1009,[1] an ass deemno zanter dem 3. Februar 2015 President.

Hie staamt aus enger Famill vu Politiker: säi Papp, de Bernardo Mattarella, war Minister, säi Brudder Piersanti war President vun der Regioun Sizilien. Hie gouf vun der Mafia dout gemaach. Säi Pätter war de Salvatore Aldisio, och Minister.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. eletto al Quirinale con 665 voti: è lui il nuovo presidente della Repubblica