Giorgio Napolitano

Vu Wikipedia
Giorgio Napolitano
Gebuer 29. Juni 1925
Neapel
Gestuerwen 22. September 2023
Roum
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit Federico II zu Neapel
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei Kommunistesch Partei, Onofhängeg
Member vun Accademia della Crusca

Den Giorgio Napolitano, gebuer den 29. Juni 1925 zu Neapel, a gestuerwen den 22. September 2023 zu Roum, war en italieenesche Politiker. Hie war vun 2006 bis Januar 2015 President vun der Republik Italien.

Als jonke Mann war hien an der kommunistescher Resistenz géint de Benito Mussolini aktiv. Hie gouf nom Krich Member vun der Kommunistescher partei vun Italien (PCI), an där en Enn der 1980er Joren de reformistesche Fligel ënnerstëtzt huet, aus deem d'Demokratesch Lénkspartei (PDS) ervirgoung.

1953 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierte vun Neapel an d'Parlamznt gewielt an déi Kéier drop erëmgewielt. 1968 gouf hin nees Deputéierten am italieenesche Parlament, an 1989 am Europaparlament. 1992 huet hie säi Mandant zu Stroossbuerg opginn, a gouf zum President vun der italieenescher Deputéierte-Chamber ernannt. Hien hat dat Amt bis 1994. 1996 gouf hien Inneminisgter an der Regierung vum Romano Prodi a blouf dat bis 1998, wéi dës Regierung zeréckgetrueden ass. Dat Joer drop gouf hien nees, fir 5 Joer, an d'Europaparlament gewielt.

De President Carlo Azeglio Ciampi huet hien zum Senator op Liewenszäit ernannt. Den 10. Mee 2006 gouf hien zum President vun der Republik Italie gewielt. Den 20. Abrëll 2013 gouf hien an dat Amt erëmgewielt, um Hannergrond vun enger politescher a Regierungskris. De 14. Januar 2015 ass den Giorgio Napoletano aus Altersgrënn als President zeréckgetrueden. De Senatspresident Pietro Grasso ass, bis en neie President designéiert gëtt, President faisant fonction.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giorgio Napolitano – Biller, Videoen oder Audiodateien