Joseph Hackin
Joseph Hackin | |
---|---|
De Joseph Hackin (1932), Zeechnung vum Alexander Jakowlew. | |
Gebuer |
8. November 1886 Béiwen-Atert |
Gestuerwen | 24. Februar 1941 |
Doudesursaach | Erdrénken |
Nationalitéit | Frankräich, Lëtzebuerg |
Educatioun |
Institut d'études politiques de Paris, Institut national des langues et civilisations orientales |
Aktivitéit | Archeolog |
Famill | |
Bestuet mat | Marie Hackin |
De Joseph Hackin, gebuer den 8. November 1886 zu Béiwen-Atert, a gestuerwen de 24. Februar 1941 op der SS Jonathan Holt wéi déi am Atlantik, eng 350 Meile westlech vun de Färöer Inselen vun engem däitschen U-Boot torpedéiert gouf, war e lëtzebuergeschen Archeolog, deen 1913 déi franséisch Nationalitéit ugeholl hat.[1]
Dem Joseph Hackin säi Gebuertshaus gehéiert zu engem fréiere Bauerenhaff zu Béiwen-Atert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gebuertshaus vum Joseph Hackin.
De Papp war Kutscher. De Joseph Hackin huet a Frankräich um private Collège J.B. de la Salle zu Dreux am Departement Eure-et-Loir säi Secondairestudium gemaach an dunn zu Paräis op der École des langues orientales an op der École libre des sciences politiques studéiert.
1907 gouf e Sekretär vum Industriellen a Konschtsammler Émile Guimet. 1913, nodeem en déi franséisch Nationalitéit ugeholl hat, gouf den Hackin Conservateur-adjoint vum Musée Guimet.
Am Éischte Weltkrich huet hie sech vum einfachen Zaldot bis zum Läitnant um Enn vum Krich eropgeschafft. Dräimol blesséiert, krut hie fir seng Verdéngschter hien d'Croix de guerre 1914-1918 an d'Légion d'honneur am Grad vum Chevalier.
1923 gouf e Conservateur vum Musée Guimet.
De Joseph Hackin hat 1916 en Doktorat an der Literatur mat der Mention très honorable gemaach an huet 1928 op der École des hautes études an der École du Louvre enseignéiert. Ënner senge Studente war d'Marie ("Ria") Parmentier (1905-1941), seng spéider Mataarbechterin déi hien de 24. September 1928 zu Ars-sur-Moselle bestuet huet. Dat nämmlecht Joer gouf hien zu Lëtzebuerg mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent.
Vun 1930 bis 1933 war hien Direkter vun der Maison franco-japonaise zu Tokyo, an huet gläichzäiteg, 1931-1932, als Archeolog bei der Croisière jaune vum André Citroën matgemaach.
Zënter 1923 un huet den Hackin Studiereesen an Afghanistan gemaach, op Bâmiyân a Begram (dat fréiert Kapissa). 1934 gouf hien Direkter vun der Délégation archéologique française en Afghanistan (DAFA). Seng Fra Ria huet 1937 zu Begram e Schatz ausgegruewen, vun deem en Deel haut nach am Musée Guimet ze gesinn ass.
France libre
[änneren | Quelltext änneren]Wéi Frankräich am September 1939 Däitschland de Krich erkläert hat, gouf den Hackin Kapitän zu Kabul, duerno Kommandant ënner dem État-major vum Théâtre d'opérations du Moyen-Orient (Beirut). De 6. Juli huet hien dem Generol Charles de Gaulle telegraphéiert, hie géif zu him an der Arméi vun der France libre halen, an ass doropshin op London gefuer.
Am Februar 1941 huet de Generol de Gaulle de Joseph Hackin zum Délégué de la France libre an Indien a ronderëm ernannt, d'Ria Hackin gouf Lieutenant des Forces françaises féminines. Well et zu där Zäit wéinst dem Krich méintlaang gedauert hätt fir zwou Plazen zesummen an engem Fliger ze kréien, an eng Schëffsrees och méi bëlleg war, huet d'Koppel decidéiert d'Rees mam Schëff unzetrieden.
D'Ria an de Joseph Hackin hunn zwou Plazen um Cargoschëff SS Jonathan Holt gebucht mat deem se den 20. Februar 1941, zesumme mat 24 anere Schëffer[2] am Convoy OB-289 begleet vu Krichsschëffer, Liverpool mat Destinatioun Westafrika verlooss hunn. De 24. Februar 1941 gouf hiert Schëff eng 350 Meile westlech vun de Färöer-Inseln (Positioun 61°10'N, 11°55'W) vum däitschen U-Boot U-97 ugegraff a mat zwéin Torpedoe versenkt. Déi zwee sinn zesumme mat aacht anere Passagéier an 41 Séileit ëm d'Liewe komm. Nëmme sechs Leit, zwéi Passagéier a véier Besatzungsmemberen[3],[4], hunn den Ënnergang iwwerlieft.
Zu Lëtzebuerg erënnert eng Strooss a sengem Gebuertsduerf Béiwen un de Joseph Hackin. Zanter 2002 gëtt et och eng Strooss um Kierchbierg, déi no him genannt ass. Am Joer 2022 gouf den Odonym vun der Stater Strooss geännert andeems de Virnumm vum Hackin senger Fra bäigesat gouf. D'Strooss heescht zanterhier Rue Marie-et-Joseph-Hackin, änlech wéi déi am Paräisser 16. Arrondissement (Rue Joseph-et-Marie-Hackin).
-
Dat neit…
-
an dat aalt Stroosseschëld um Kierchbierg.
-
D'Schëld zu Paräis.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Nouvelles recherches archéologiques à Bāmiyān, avec la collaboration de J. Carl, Paris, G. Van Oest, 1933, 92 p.(Mémoires de la délégation archéologique française en Afghanistan, t. III)
- Recherches archéologiques au col de Khair Khaneh, près de Kābul, avec la collaboration de J. Carl, Paris, Éditions d'art et d'histoire, 1936, 39 p. (Mémoires de la Délégation archéologique française en Afghanistan, t. VII)
- Diverses recherches archéologiques en Afghanistan: 1933-1940, avec la collaboration de J. Carl et J. Meunié ; avec des études de Roman Ghirshman et Jean-Claude Gardin, avant-propos par Philippe Stern. Paris, Presses universitaires de France, 1959, 141 p. (Mémoires de la Délégation archéologique française en Afghanistan, t. VIII).
- Recherches archéologiques à Begram: chantier n° 2 (1937), avec la collaboration de Marie Hackin, Paris, Les Éditions d'art et d'histoire, 1939, 2 vol. (Mémoires de la délégation archéologique française en Afghanistan, t. IX)
- Nouvelles recherches archéologiques à Begram: ancienne Kâpici: 1939-1940, avec la collaboration de Marie Hackin, J. Carl et P. Hamelin ; études comparatives par J. Auboyer, V. Elisséeff, et al. (avant-propos par Alfred Foucher, René Grousset, Philippe Stern), Paris, Presses universitaires, 1954, 2 vol. (Mémoires de la Délégation archéologique française en Afghanistan, t. XI).
- L'oeuvre de Joseph Hackin, bibliographie; Bulletin de l'Ecole française d'Extrême-Orient, Paräis, 1969.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Schaus, R., 2001. La tristesse posthume de Joseph Hackin. Die Warte no 19 (2001) vum 7. Juni 2001, S. 4.
- Joseph et Ria Hackin, couple d'origine luxembourgeoise au service des arts asiatiques et de la France ; livre-catalogue de l'exposition (11 novembre 1987 - 3 janvier 1988) au Musée d'Histoire et d'Art (Musées de l'État). Lëtzebuerg, Drock: Kremer-Müller & Cie (Foetz), 1987; 143 Säiten.
- Paris - Tokyo - Begram: Hommage à Joseph Hackin (1886-1941) ; Paräis, Éditions Recherche sur les Civilisations / erc, 1986; 56 Säiten.
- Thill Marc, 2016. Joseph und Ria Hackin: Gräber ohne Grab. Die Warte no 7 (2016) vum 25. Februar 2016, S. 7
- Bisdorff, Jean-Joseph, 2021. Le couple Hackin risque de passer dans l'oubli. Die Warte no 7 (2021) vum 25. Februar 2021, S. 4-5
- Mersch, Jules, Hrsg.,1968, Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours, vol 16.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Joseph Hackin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Joseph Hackin, ein Luxemburger in Afghanistan, wort.lu, 14. Februar 2016
- Joseph Hackin, l'Afghan, mywort.lu, 14. November 2011
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Biographie Vum Jospeh Hackin op der Säit vum Ordre de la libération Archivéiert de(n) 13.08.2012. Gekuckt de(n) 15.08.2011.
- ↑ http://wiesel.wlb-stuttgart.de/seekrieg/konvois/oa-41.htm Geleitzugroute - Grossbritannien-auswäerts
- ↑ Rapport op uboat.net
- ↑ An engem Zeitungsbericht iwwer de Matrous Stanley Candlish geet nëmme vun dräi Leit rieds
- Lëtzebuergesch Archeologen
- Franséisch Archeologen
- Gebuer 1886
- Gestuerwen 1941
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Chevalier de la Légion d'honneur
- Persounen, déi d'Croix de guerre 1914-1918 kruten
- Franséisch Offizéier
- Colonellen
- Compagnons de la Libération
- Kolonialissem am Zesummenhank mat Lëtzebuerg
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass