Émile Guimet

Vu Wikipedia
Émile Guimet
Gebuertsnumm Émile Étienne Guimet
Gebuer 2. Juni 1836
Lyon
Gestuerwen 12. Oktober 1918
Fleurieu-sur-Saône
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Konschtsammler, Archeolog, Industriellen, Komponist, Schrëftsteller
Famill
Kanner Jean Guimet

Den Émile Étienne Guimet, gebuer de 26. Juni 1836 zu Lyon a gestuerwen den 12. Oktober 1918 zu Fleurieu-sur-Saône, war e franséischen Industriellen, Fuerschungsreesender a Konschtsammler.

De Guimet, e studéierte Cheemiker, huet am Management vun der Fabrick vu sengem Papp geschafft, der Henry Merle et Compagnie zu Fleurieu-sur-Saône bei Lyon, wou syntheetescht Ultramarin produzéiert gouf. Säin Intressi louch awer bei der Konscht an de Reesen.

Vu senge sëllege Reesen an Asien, tëscht Afghanistan a Japan, huet hien eng Abberzuel Konschtobjete matbruecht. Schwéierpunkt vu senger Sammlung war China, Indien a Japan. Hie gëtt zu deene wichtegste Asien-Fuerscher vu senger Zäit gezielt.

1879 huet de Guimet e Musée zu Lyon gestëft, wou eng Sammlung vu japanescher a chineesescher reliéiser Konscht ausgestallt gouf. 1885 huet en dee gréissten Deel vu senger Sammlung dem franséische Staat vermaach, dee se zanter 1889 zu Paräis am Musée National des Arts Asiatiques, haut offiziell Musée des Arts Asiatiques - Guimet oder kuerz Musée Guimet, versuergt an ausstellt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1867: Croquis égyptiens: journal d'un touriste.
  • 1868: Huit jours aux Indes.
  • 1873: Arabes et Kabyles, pasteurs et agriculteurs. (Araber und Kabylen)
  • 1876: Bonjour Kanagawa. Mit Illustrationen von Félix Régamey.
  • 1877: Rapport du Ministre de l'instruction publique et des beaux-arts sur la mission scientifique de M. Guimet dans l'Extrème Orient.
  • 1877: Lettres sur l'Algerie.
  • 1880: Promenades japonaises: Tokio - Nikko.
  • 1894: Tai-Tsoung. (Oper)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Emile Guimet: Huit jours aux Indes. In: Le Tour du Monde., Phébus, 2007, ISBN 9782752902511.
  • Keiko Omoto und Francis Macouin: Emile Guimet et les arts d'Asie. Collections Découvertes Gallimard, 2001, ISBN 2-07-076084-7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Émile Guimet – Biller, Videoen oder Audiodateien