Gebuertshaus vum Joseph Hackin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Gebuertshaus vum Joseph Hackin zu Béiwen-Atert (2012).
Plack op der viischter Fassad.
D'Haus steet um Uwänner vun der Atert.

D'Gebuertshaus vum Joseph Hackin steet zu Béiwen-Atert, op der Nr. 1 an der Helpertsstrooss. D'Haus gehéiert zu engem fréiere Bauerenhaff, deen aus e puer Gebaier ronderëm e Bannenhaff besteet. D'Gebaier stinn um rietsen Uwänner vun der Atert.

De Joseph Hackin[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Joseph Hackin

De Joseph Hackin (1886-1941) huet a Frankräich studéiert. 1912 huet hien déi franséisch Nationalitéit ugeholl. Den Hackin gouf bekannt wéinst sengen archeologesche Reesen a Studien an Asien, besonnesch am Afghanistan. Hien huet op der École du Louvre enseignéiert a war Conservateur am Musée Guimet zu Paräis.

1941 ass hien um Mier ëmkomm wéi d'Schëff, op deem hien an enger Missioun vun der France libre vum Charles de Gaulle an Indien fuere sollt, vun engem Torpedo getraff gouf.

De Bauerenhaff[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebuertshaus vum Hackin gehéiert zu engem fréiere Bauerenhaff, mat Gebaier déi ronderëm e Bannenhaff leien. Déi eelst Deeler vum Haff stame wahrscheinlech aus dem 18. Joerhonnert. D'Wunnhaus gouf am 19. an am 20. Joerhonnert ëmgebaut.[1]

Op der viischter Fassad vum Wunnhaus hänkt eng Plack, déi un d'Gebuert vum Joseph Hackin an dësem Haus erënnert an déi den 9. Juli 1967 a Presenz vum Minister Pierre Grégoire ageweit gouf.[2]

2012 ass d'Gebai onbewunnt an an engem schlechten Zoustand.

De 4. Abrëll 2012 huet de Gemengerot vu Béiwen-Atert decidéiert d'Klasséierung vum Bauerenhaff unzefroen, wouropshin d'Kulturministesch Octavie Modert, nom Avis vum Service des sites et monuments nationaux, eng positiv Äntwert ginn huet.[1] Den 9. Januar 2015 gouf et als "Nationaalt Monument" klasséiert.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (hb), 2012. Waldwirtschaftsplan 2013 im Mittelpunkt. Luxemburger Wort vum 11. August 2012, S. xx.
  2. Jules Mersch, 1968. Biographie nationale du pays de Luxembourg, vol. 8, fasc. 16, S. 393.
  3. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 19. Juni 2019).