François Weyergans

Vu Wikipedia
François Weyergans
Gebuertsnumm François Marie Weyergans
Gebuer 2. August 1941
Etterbeek
Gestuerwen 27. Mee 2019
1. Arrondissement vu Paräis
Nationalitéit Belsch, Frankräich
Educatioun Institut des hautes études cinématographiques
Aktivitéit Filmregisseur, Schrëftsteller, Regisseur
Member vun Académie française
Famill
Papp Franz Weyergans

De François Weyergans, gebuer den 2. August 1941 zu Etterbeek an der Belsch a gestuerwen de 27. Mee 2019 zu Paräis, war e belsche Schrëftsteller a Filmregisseur.

De Weyergans huet um Institut des hautes études cinématographiques (IDHEC) zu Paräis studéiert. Hien huet och an den 1960er Jore Filmkritike fir d'Cahiers du Cinéma geschriwwen.

Säin éischte Film am Joer 1962 war en Dokumentarfilm iwwer de Choreograph Maurice Béjart.

Als Schrëftsteller hat hie méi Erfolleg wéi als Filmregisseur an huet dofir no 1978 opgehale mat filmen an huet nach just geschriwwen.

Hie krut 1992 fir säi Roman La démence du boxeur de Prix Renaudot an 2005 de Prix Goncourt fir säi Roman Trois jours chez ma mère.

2009 gouf hie Member vun der Académie française.

Literarescht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • 1968: Salomé
  • 1973: Le pitre, Gallimard.
  • 1979: Berlin mercredi, Balland
  • 1980: Les figurants, Balland.
  • 1981: Macaire le Copte, Gallimard.
  • 1983: Le radeau de la Méduse, Gallimard.
  • 1986: La vie d'un bébé, Gallimard
  • 1988: Françaises Français, Gallimard.
  • 1989: Je suis écrivain, Gallimard
  • 1990: Rire et pleurer, Grasset,
  • 1992: La démence du boxeur, Grasset.
  • 1997: Franz et François, Grasset
  • 2005: Trois jours chez ma mère, Grasset
  • 2012: Royal Romance, Éditions Julliard|Julliard

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]