Cahiers du Cinéma

Vu Wikipedia

Déi franséisch Revue Cahiers du Cinéma ass am Abrëll 1951 vum Lo Duca, Jacques Doniol-Valcroze, Leonide Keigel an André Bazin gegrënnt ginn. Et ass eng international renomméiert Zäitschrëft, déi eemol am Mount erauskënnt.

An de 50er Joren hu puer Mataarbechter vun dëser Revue, déi selwer Filmer gedréint hunn, d'Nouvelle Vague lancéiert, déi sech duerch e radikale Broch mam traditionelle Kino auszeechent.[1] Zu deene bekanntsten zielen Claude Chabrol, Jean-Luc Godard, Jacques Rivette a François Truffaut.

Aktuelle Chefredakter vun de Cahiers du Cinéma ass de Marcos Uzal.

Lëscht vu fréieren an aktuelle Mataarbechter vun de Cahiers (net komplett)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Daniel Borden et alii: Histoire du cinéma (Les Essentiels de National geographic). [Paris] 2009, S. 224.