Jacques Rivette
Jacques Rivette | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacques Pierre Louis Rivette |
Gebuer |
1. Mäerz 1928 Rouen |
Gestuerwen |
29. Januar 2016 6. Arrondissement |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Corneille |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmkritiker, Journalist, Schrëftsteller, Kameramann, Filmschauspiller, Schauspiller, Saachbuchauteur, Regisseur |
De Jacques Rivette, gebuer den 1. Mäerz 1928 zu Rouen, a gestuerwen den 29. Januar 2016 zu Paräis[1], war e franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmkritiker. Hie gëtt, mam François Truffaut, Jean-Luc Godard, Claude Chabrol an Éric Rohmer, zu de wichtegste Vertrieder vun der Nouvelle Vague gezielt.
Hie war Kritiker bei de Cahiers du Cinéma an 1963 bis 1965 hire Chefredakteur. Nodeems en ufanks als Assistent vum Jacques Becker a vum Jean Renoir geschafft huet, huet en 1958 säin éischte Spillfilm gedréint, Paris nous appartient.
Typesch fir seng Filmer ass, datt d'Schauspiller just e puer Säiten Zesummefaassung vum Film kruten, an d'Dialogen eréischt just virum Dréi vun den Zeenen. Doduerch hu se missen improviséieren, wat eng besonnesch Atmosphär am Film geschaf huet. Säin zweete Film, Suzanne Simonin, la Religieuse de Diderot, an deem et ëm e Meedche geet, dat sech dergéint wiert, an e Klouschter gezwongen ze ginn, huet e klenge Skandal ausgeléist a gouf zensuréiert. Out 1: noli me tangere ass, mat 773 Minutten (bal 13 Stonnen) dee bis ewell längste Film an der Geschicht vum Kino.[2] Et gëtt och eng Kuerzversioun dovun, vu "just" 4 Stonnen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1949: Aux quatre coins - (Kuerzfilm)
- 1949: Le quadrille - Haaptacteuren: Jean-Luc Godard, Anna-Marie Cazalis - (Kuerzfilm)
- 1956: Le divertissement - Haaptacteuren: Sacha Briquet, Alain MacMoy - (Kuerzfilm)
- 1956: Le coup du berger - Haaptacteuren: Virginie Vitry, Anne Doat - (Kuerzfilm)
- 1960: Paris nous appartient - Haaptacteuren: Betty Schneider, Giani Esposito, Françoise Prévost
- 1966: La religieuse - Haaptacteuren: Anna Karina, Liselotte Pulver, Micheline Presle
- 1968: L'amour fou - Haaptacteuren: Bulle Ogier, Jean-Pierre Kalfon, Josée Destoop
- 1971: Out 1: noli me tangere - Haaptacteuren: Michèle Moretti, Hermine Karagheuz, Karen Puig
- 1971: Out 1: Spectre - Haaptacteuren: Michèle Moretti, Juliet Berto, Françoise Fabian
- 1974: Céline et Julie vont en bateau - Haaptacteuren: Juliet Berto, Dominique Labourier, Marie-France Pisier
- 1974: Naissance et mont de Prométhée - Haaptacteuren: Michael Lonsdale - (Kuerzfilm)
- 1974: Essai sur l'agression - (Kuerzfilm)
- 1976: Duelle - Haaptacteuren: Juliet Berto, Bulle Ogier, Jean Babilée
- 1976: Noroît - Haaptacteuren: Geraldine Chaplin, Bernadette Lafont, Kika Markham
- 1981: Le pont du Nord - Haaptacteuren: Bulle Ogier, Pascale Ogier, Pierre Clémenti
- 1981: Merry-Go-Round - Haaptacteuren: Maria Schneider, Joe Dallesandro, Françoise Prévost
- 1981: Paris s'en va - (Kuerzfilm)
- 1984: L'amour par terre - Haaptacteuren: Jane Birkin, Geraldine Chaplin, André Dussollier
- 1985: Hurlevent - Haaptacteuren: Fabienne Babe, Lucas Belvaux, Sandra Montaigu
- 1988: La bande des quatre - Haaptacteuren: Bulle Ogier, Benoît Régent
- 1991: La belle noiseuse - Haaptacteuren: Emmanuelle Béart, Michel Piccoli, Jane Birkin
- 1992: Divertimento - Haaptacteuren: Emmanuelle Béart, Michel Piccoli, Jane Birkin
- 1994: Jeanne la Pucelle I - Les batailles - Haaptacteuren: Sandrine Bonnaire
- 1994: Jeanne la Pucelle II - Les prisons - Haaptacteuren: Sandrine Bonnaire, Jean-Louis Richard
- 1995: Haut bas fragile - Haaptacteuren: Marianne Denicourt, Nathalie Richard, Bruno Todeschini
- 1998: Secret défense - Haaptacteuren: Sandrine Bonnaire, Jerzy Radziwilowicz, Françoise Fabian
- 2001: Va savoir - Haaptacteuren: Jeanne Balibar, Marianne Basler, Hélène de Fougerolles
- 2003: Histoire de Marie et Julien - Haaptacteuren: Emmanuelle Béart, Jerzy Radziwilowicz, Anne Brochet
- 2007: Ne touchez pas la hache - Haaptacteuren: Jeanne Balibar, Guillaume Depardieu, Bulle Ogier
- 2009: 36 vues du Pic Saint-Loup - Haaptacteuren: Jane Birkin, Sergio Castellitto, Jacques Bonnaffé
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hélène Frappat: Jacques Rivette, secret compris (= Auteurs), Cahiers du Cinéma, Paris 2001, ISBN 2-86642-281-3.
- Douglas Morrey, Alison Smith: Jacques Rivette (= French Film Directors), Manchester University Press, 2010, ISBN 978-0-7190-7484-4.
- Emilie Bickerton: Eine kurze Geschichte der Cahiers du cinéma, diaphanes, Zürich 2010 (Originaltitel: A short history of Cahiers du cinema, Verso, London c2009, ISBN 978-1-84467-232-5, übersetzt von Markus Rautzenberg). ISBN 978-3-03734-126-1.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jacques Rivette – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Isabelle Regnier: "Le réalisateur Jacques Rivette est mort.'" lemonde.fr, 29. Januar 2016
- ↑ "Die langweiligsten Filme der Welt - Kino mit Gähn-Effekt." spiegel.de, einestages, 30. Mee 2011.