Frank Farian

Vu Wikipedia
Frank Farian
Gebuertsnumm Franz Reuther
Gebuer 18. Juli 1941
Kirn
Gestuerwen 23. Januar 2024
Miami
Nationalitéit Italien, Däitschland
Aktivitéit Liddermécher, Museksproduzent, Sänger, Agent, Produzent, Komponist, Liddertexter

De Frank Farian, gebuer den 18. Juli 1941 als Franz Reuther zu Kirn a gestuerwen den 23. Januar 2024 zu Miami[1], war en däitsche Museksproduzent, Komponist a Sänger. Seng Produktioune goufen iwwer 800 Millioune Mol uechtert d'Welt verkaaft.[2]

De Farian ass zu Saarbrécken opgewuess an hat fir Kach geléiert. Vun 1958 bis 1961 (geleeëntlech nach bis 1966) huet hien zu Ettelbréck an der Summersaison am Hôtel Central geschafft.[3],[4] Wéi en do op engem Remembrance Day an engem Festzelt op der Plaz virun der Dier eng Live-Rock'n'Roll-Band héieren huet, huet en, sou zielt e selwer, een Zock decidéiert, selwer Museker ze ginn an doropshin eng Rockband gegrënnt, déi e Frankie und die Schatten genannt huet.[5] Déi hat net besonnesch vill Succès an no e puer Joer ass hien an den däitsche Schlager-Repertoire gewiesselt, wou en 1976 mat Rocky en Nummer-1-Hit hat.

An der Mëtt vun den 1970er Joren huet hien zu St. Ingbert eng Discothéik opgemaach, sech e Studio ageriicht an ugefaangen, Disco-Musek ze produzéieren. Fir säin éischt Lidd Baby Do You Wanna Bump huet hien all Stëmmlage selwer agesongen; a well en et net ënner sengem Numm erausbrénge wollt, huet hien "Boney M." als Bandnumm uginn. Wéi dat e Succès gouf (méi nach dat Lidd dono, Daddy Cool), an ëmmer méi Ufroe koumen, datt déi "Band" sollt op der Tëlee optrieden, huet hie sech zwou Sängerinnen, eng Dänzerin an en Dänzer erausgesicht, déi d'Lidder am Playback virgedroen hunn. Bei méi spéide Lidder vu Boney M. hunn dann déi zwou Fraen de weibleche Gesang gemaach, d'Männerstëmm war weiderhin dem Farian seng.

Mat Milli Vanilli huet hien et 1990 d'selwecht gemaach: Hei haten zwéi Studiosänger d'Lidder opgeholl, ier de Farian e Mannequin an en Dänzer als 'Gesiichter' fir de Playback erausgesicht huet. Milli Vanilli hat iewer sou e grousse Succès, dass si ee vun de Grammy Awards gewanne sollten. Dobäi ass et zum 'Skandal' komm, wéi erauskoum, datt deen Duo guer keng Sänger wieren[6][7].

Aner Bands oder Sänger, déi e produzéiert huet, ware Far Corporation, La Bouche, Meat Loaf, Eruption oder Duck Sauce.

Och Gréisste wéi de Stevie Wonder hunn a sengem private Studio opgeholl.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Frank Farian, Reginald Rudorf, Dieter Kaltwasser: Stupid Dieser Bohlen. Die Wahrheit und nichts als die Wahrheit über den Pop-Hochstapler. Franks Kleiner Buchverlag, Berlin 2004, ISBN 3-9809531-0-6.

Um Spwaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank Farian – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Erfolgsproduzent Frank Farian ist tot". fr.de, 23. Januar 2024.
  2. "Happy Birthday, Frank Farian!" dw.com, 2021-05-13.
  3. "Leben, wo einst Musikproduzent Frank Farian kochte." wort.lu [w+], 2023-01-24.
  4. "Frank Farian stand im „Hôtel Central Lieffrig“ am Herd" Ville d'Ettelbruck: Le Central. Brochure, S.15. (nogekuckt: 2024-01-23).
  5. "Zum Tod von Musikproduzent Frank Farian: 'Mein Gott, der ist ja weiß'." spiegel.de, 2024-01.23.
  6. Chuck Philips: Milli Vanilli’s Grammy Rescinded by Academy. LA Times, 20. November 1990.
  7. "It’s True: Milli Vanilli Didn’t Sing: Pop music: The duo could be stripped of its Grammy after admitting it lip-synced the best-selling ‘Girl You Know It’s True’." Los Angeles Times, 1990-11-16.