Wilson Pickett

Vu Wikipedia
Wilson Pickett
Gebuertsnumm Wilson Pickett Jr.
Gebuer 18. Mäerz 1941
Gestuerwen 19. Januar 2006
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Komponist, Lidderschreiwer

De Wilson Pickett, gebuer den 18. Mäerz 1941 zu Prattville, Alabama, a gestuerwen den 19. Januar 2006 un engem Häerzschlag zu Reston (Virginia), war e Soul- a Rhythm and Blues-Sänger, deen duerch Stécker wéi In the Midnight Hour, Land of 1000 Dances, Mustang Sally a Funky Broadway bekannt gouf.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wilson Pickett, jéngst vun 11 Kanner, hat eng schwéier Kandheet, an huet seng Carrière als Sänger am Chouer vun der Baptistekierch vu Prattville ugefaangen. Hien ass op Detroit geplënnert an huet do eng Gospel-Band gegrënnt. Geschwënn duerno ass hien der R&B-Band, The Falcons, bäigetrueden, déi e Sänger gesicht huet. 1963 huet en eng Solocarrière ugefaangen.

Mëtt der 1960er Joren hëlt hien am Stax Records-Studio vu Memphis mat vu senge bekanntste Stécker op: In the Midnight Hour, Don't Fight It, 634-5789 a Ninety-Nine and One-Half (Won't Do), déi dräi lescht hat en zesumme mam Eddie Floyd a Steve Cropper geschriwwen.

An de Fame-Studioen an Alabama huet en e bësse méi spéit weider Succèsen opgeholl, dorënner Mustang Sally, Funky Broadway, a Land of 1000 Dances.

Och fir aner bekannten Artisten huet e Stécker geschriwwen, dorënner Led Zeppelin, Van Halen, d'Rolling Stones, Aerosmith, The Grateful Dead, Genesis, Creedence Clearwater Revival, Roxy Music oder de Bruce Springsteen.

Bis 1971 huet hie weider Erfolleg, ënner anerem mat enger Reprise vun Hey Jude vun de Beatles. Hien huet och Everybody needs somebody to love, opgeholl, dat d'Stones an d'Blues Brothers spéider gecovert hunn.

1973 huet en d'Plackefirma gewiesselt, virun Albumen opgeholl, mä konnt net méi un de Succès vu virdrun uknëppen. Et huet e virun allem nach vun him héieren, wann e wéinst Kläppereien oder Fueren ënner Alkoholafloss viru Geriicht stoung.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • In the Midnight Hour 1965
  • The Exciting Wilson Pickett 1966
  • The Best of Wilson Pickett 1967
  • The Wicked Pickett 1967
  • The Sound of Wilson Pickett 1967
  • I'm In Love 1967
  • The Midnight Mover 1968
  • Hey Jude 1968
  • Wilson Pickett in Philadelphia 1970
  • Right On 1970
  • The Best of Wilson Pickett, Vol. II 1971
  • Don't Knock My Love 1972
  • Mr. Magic Man 1973
  • Wilson Pickett's Greatest Hits 1973
  • Pickett in the Pocket 1974
  • I Want You 1980
  • American Soul Man 1987
  • A Man and a Half: The Best of Wilson Pickett 1992
  • It's harder now 1999

Titelen[änneren | Quelltext änneren]

  • "If You Need Me" 1962
  • "It's Too Late" 1963
  • "I'm Done to My Last Heartbreak" 1963
  • "My Heart Belongs to You" 1963
  • "I'm Gonna Cry" 1964
  • "Come Home Baby" 1964
  • "In the Midnight Hour" 1965
  • "Don't Fight It" 1965
  • "634-5789" 1966
  • "Ninety Nine and a Half" 1966
  • "Land of 1000 Dances" 1966
  • "Mustang Sally" 1966
  • "Everybody Needs Somebody to Love" 1967
  • "I Found a Love Pt. 1" 1967
  • "You Can't Stand Alone" 1967
  • "Funky Broadway" 1967
  • "I'm in Love" 1967
  • "Soul Dance Number Three" 1967
  • "I'm a Midnight Mover" 1968
  • "I've Come a Long Way" 1968
  • "She's Looking Good" 1968
  • "I Found a True Love" 1968
  • "Jealous Love" 1968
  • "A Man and a Half" 1968
  • "Hey Jude" 1968
  • "Mini-skirt Minnie" 1969
  • "Born to Be Wild" 1969
  • "Hey Joe" 1969
  • "You Keep Me Hangin' On" 1969
  • "Engine Number 9" 1970
  • "Sugar, Sugar" 1970
  • "She Said Yes" 1970
  • "Cole, Cooke, and Redding" 1970
  • "Don't Knock My Love - Pt. 1" 1971
  • "Don't Let the Green Grass Fool You" 1971
  • "Call My Name, I'll Be There" 1971
  • "Fire and Water" 1972
  • "Funk Factory" 1972
  • "Mr. Magic Man" 1973
  • "Take a Closer Look at the Woman You're With" 1973
  • "International Playboy" 1973
  • "Soft Soul Boogie Woogie" 1974
  • "Take Your Pleasure Where You Find It" 1974
  • "I Want You" 1979
  • "Live With Me" 1980
  • "Don't Turn Away" 1987

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]