Felipe II. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kinnek Felipe II. (ëm 1570).

De Felipe II., gebuer den 21. Mee 1527 zu Valladolid a gestuerwen den 13. September 1598 am Palais El Escorial bei Madrid, war vum 16. Januar 1556 bis zu sengem Doud Kinnek vu Spuenien an domat och Herrscher iwwer déi amerikanesch Kolonien, d'Spuenesch Nidderlanden, d'Franche-Comté, d'Kinnekräich vun den Zwéi Sizilien, d'Kinnekräich Sardinien an d'Herzogtum Mailand. 1580 gouf hien als Felipe I. zousätzlech Kinnek vu Portugal.

Hie war den eelsten an eenzege legitime Jong vum Karel V. (Carlos I. vu Spuenien) an der Isabela vu Portugal.

...

Fraen a Kanner[änneren | Quelltext änneren]

De Felipe war véier Mol bestuet:

  1. ∞ 1543 Infantin Maria vu Portugal, Duechter vum portugisesche Kinnek João  III. a senger Fra, der Infantin Catalina vu Kastilien;
    • Karl de Austria, genannt Don Carlos (* 8. Juli 1545; † 24. Juli 1568), Fürst vun Asturien;
  2. ∞ 1554 Kinnigin Mary I. déi Kathoulesch vun England, Duechter vum englesche Kinnek Henry VIII. senger éischter Fra, der Infantin Catalina vun Aragón;
  3. ∞ 1560 Prinzessin Elisabeth vu Valois, Duechter vum franséische Kinnek Henri II. a senger Fra, der Prinzessin Cathérine de Medici
  4. ∞ 1570 Äerzherzogin Anna vun Éisträich, Duechter vum réimesch-däitsche Kesser Maximilian II. a senger Fra, der Infantin Maria vu Spuenien.
    • Ferdinand (* 4. Dezember 1571; † 18. Oktober 1578)
    • Karl (Carlos) Laurentius (* 12. August 1573; † 30. Juni 1575)
    • Diego vun Éisträich (* 12. Juli 1575; † 21. November 1582)
    • Felipe III. (* 14. Abrëll 1578; † 31. Mäerz 1621), Kinnek vu Spuenien
    • Maria (* 14. Februar 1580; † 5. August 1583)