Henry VIII. vun England

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Henry VIII. gemoolt vum Hans Holbein d. J., 1536–1537.

Den Henry VIII. vun England, op en. dacks Henry Tudor genannt, gebuer den 28. Juni 1491 zu Greenwich a gestuerwen den 28. Januar 1547 am Whitehall-Palais zu London, war vu 1509 bis 1547 Kinnek vun England, souwéi zanter 1509 Här a vu 1541 u Kinnek vun Irland.

Seng markantst Dot war et, d'englesch Kierch vun der Réimesch-kathoulescher Kierch ofzetrennen an enge eegen anglikanesch Staatskierch, d'Church of England opzesetzen, där hire Chef de Kinnek vun England soll sinn, an net de Poopst zu Roum. Dës Trennung hat zerguttst reliéis, sozial a politesch Suitë fir d'Geschicht vun England.

Den Henry war de jéngste Jong vum Kinnek Henry VII. an der Elizabeth of York. Wéi séi grousse Brudder Arthur 1502 stënterlech gestuerwen ass, gouf den Henry den Trounierwen. Den 21. Abrëll 1509 ass och säi Papp gestuerwen, sou dass hien, mat 17 Joer, Kinnek gouf. Hie gouf am Juni 1509 gekréint, a war deen éischten englesche Kinek mat enger Renaissance-humanistescher Bildung: hien huet e puer Sprooche geschwat, Gedichter geschriwwen a Musek komponéiert, an hat e groussen intressi u reliéisen Themen. An der Populärkultur ass den Henry VIII. virun allem dofir bekannt, sechsmol bestuet gewiescht ze sinn, woubäi zwee Bestietneeser annuléiert goufen, an zwou Fraen (d'Anne Boleyn an d'Catherine Howard) exekutéiert goufen.

No sengem Doud gouf säin néngjärege Jong Edward Kinnek, geschwënn dono seng eelst Duechter Mary an nach dono seng Duechter Elizabeth, mat där hirem Doud 1603 d'Tudor-Dynqstie op en Enn goung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henry VIII of England – Biller, Videoen oder Audiodateien