George VI. vum Vereenegte Kinnekräich

Vu Wikipedia
George VI. vum Vereenegte Kinnekräich
Titelen
Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit 1936 bis 1952
Virgänger Edward VIII.
Nofollger Elizabeth II.
Biographie
Gebuer 14. Dezember 1895
Gestuerwen 6. Februar 1952
Bestuet mat Elizabeth Bowes-Lyon
Geschwëster Edward VIII.
Kanner Elizabeth II., Margaret


Den George VI., gebuer als Prince Albert Frederick Arthur George, Duke of York de 14. Dezember 1895 am York Cottage, zu Sandringham, am Norfolk, a gestuerwen de 6. Februar 1952 am Sandringham House, war vum 11. Dezember 1936 bis zu sengem Doud Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, leschte Keeser vun Indien (bis 1947) an éischte Chef vum Commonwealth of Nations (vun 1949 un).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert war den zweeteelste Jong vum Prënz George, Duke of York a senger Fra, der Mary of Teck. Hie wa en éischter scheien, zeréckhalende Jong, dee mat der Gesondheet geplot war a getuddelt huet.

Nom Doud vum Edward VII. gouf dem Albert säi Papp de 6. Mee 1910 als George V. zum neie Kinnek, a säi Brudder Edward zum Prince of Wales ernannt, woumat dësen offiziell Trounfollger gouf.

Den Albert huet eng Ausbildung bei der Royal Navy gemaach, wou en och den Eischte Weltkrich duerch gedéngt huet, a goung 1918 bei déi nei gegrënnt Royal Air Force. 1919 huet hien um Trinity College zu Cambridge Geschicht, Ekonomie, a Politologie studéiert.

1920 krut e vu sengem Papp den Titel Duke of York, an huet vun do un offiziell Optrëtter fir d'Monarchie absolvéiert, woubäi en et bei sengen ëffentleche Riede wéinst sengem Tuddelen net einfach hat. Hien huet dann och bei engem Logoped eng Therapie gemaach, fir dat an de Grëff ze kréien (De Film The King's Speech geet dodrëms).

De Prënz Albert huet 1923 déi schottesch Adleg Elizabeth Bowes-Lyon bestuet, mat där en zwou Duechteren hat:

Den 20. Januar 1936 ass den George V. gestuerwen, a säin eelste Jong, den Edward VIII. gouf Kinnek. Am Laf vum Joer gouf awer bekannt, datt hien eng Relatioun mat enger Amerikanerin, déi schonn zweemol gescheet war, hat, der Wallis Simpson. Wéi den Edward kloer gemaach huet, hie wéilt se bestueden, koum et zu enger Verfassungskris, well déi brittesch Regierung deem net zoustëmme wollt. De Kinnek huet doropshin, no just 11 Méint um Troun, den 11. Dezember 1936 ofgedankt, sou datt säi Brudder Albert Kinnek gouf. Hien huet den Numm George VI. ugeholl, fir Kontinuitéit mat sengem Papp ze demonstréieren a gouf den 12. Mee 1937 an der Westminster Abbey offiziell gekréint.

Dem George VI. säi Règne war virun allem vum Zweete Weltkrich markéiert, wou hien de Kampf vun de Britte géint de Faschismus personifizéiert huet, an d'Ëmwandlung vum British Empire an de Commonwealth of Nations (1947). Hie war och deen éischte brittesche Monarch, deen eng Staatsvisitt an den USA gemaach huet (1939).

Seng Nofollgerin war d'Elizabeth II..

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Keith Middlemas: The Life and Times of George VI. Introduction by Antonia Fraser, Weidenfeld and Nicolson, London 1974.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George VI. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]