Edward VIII. vum Vereenegte Kinnekräich

Vu Wikipedia
Edward VIII. vum Vereenegte Kinnekräich
Titelen
Prënz vu Wales
Zäit 1910 bis 1936
Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit 1936
Virgänger George V.
Nofollger George VI.
Herzog vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit 1937 bis 1972
Biographie
Gebuer 23. Juni 1894
Gestuerwen 28. Mee 1972
Paräis
Papp George V.
Mamm Mary of Teck
Geschwëster George VI.
De Kinnek Edward VIII. mécht d'Parlamentssessioun op, 3. November 1936.

Den Edward VIII. (Edward Albert Christian George Andrew Patrick David; méi spéit Duke of Windsor, gebuer den 23. Juni 1894 zu White Lodge, Richmond, Surrey, England a gestuerwen den 28. Mee 1972 zu Neuilly-sur-Seine a Frankräich, war fir e knappst Joer, vum 20. Januar 1936 bis zu senger Ofdankung, den 11. Dezember 1936, Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich a vun de Besëtztëmer vum Britteschen Empire, a Keeser vun Indien.

Hie war deen eelste Jong vum Kinnek George V. a senger Fra, der Kinnigin Mary. Wéi e 16 Joer hat, gouf hien zum Prince of Wales ernannt, 6 Wochen, nodeem säi Papp deem sengem Papp, dem Edward VII., als Kinnek nogefollegt ass. Wärend dem Éischte Weltkrich huet hien an der brittescher Arméi gedéngt, wou en awer sou wäit wéi méiglech vun der Front ewechgehale gouf, aus Angscht, e kéint den Däitschen an d'Gräpp falen.

Tëscht 1919 an 1935 huet hie 16 offiziell Visiten am Ausland gemaach, an huet och am Land doruechter de Kinnek bei offizielle Geleeënheete vertrueden. Als Jonggesell goufe seng Optrëtter genee vun der Press suivéiert.

Den Edward (1932).

Wéi säi Papp uganks 1936 gestuerwen ass, gouf den Edward als säin Nofollger zum Kinnek gekréint. Hie war eréischt e puer Méint am Amt, wéi en eng konstitutionell Kris ausgeléist huet, andeems en ugekënnegt huet, hie wéilt d'US-Amerikanerin Wallis Simpson bestueden, déi grad am Gaang war, sech vun hirem zweete Mann scheeden ze loossen. D'Regierung huet kloer gemaach, datt d'Vollek onméiglech eng zweemol gescheete Fra als Kinnigin akzeptéiere géif. Et hätt och Problemer mat der Church of England ginn, där hire Chef de Kinnek ass. Wann den Edward sech géint säi Premierminister duerchgesat hätt, dann hätt dee missen zerécktrieden, an et wier zu Neiwale komm, woumat de Kinnek säin neutrale Status an der konstitutioneller Monarchie verspillt gehat hätt. Dofir huet den Edward decidéiert, seng Bezéiung zu der Madame Simpson net ofzebriechen, an zeréckzetrieden. Säi klenge Brudder Albert, gouf, ënner dem Numm George VI., säin Nofollger.

No senger Ofdankung krut hien den Titel Duke of Windsor. Den 3. Juni 1937 huet hien d'Simpson a Frankräich bestuet, nodeem d'Scheedung rechtskräfteg gi war. Méi spéit am Joer ass d'Koppel duerch Däitschland gereest. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf den Edward, deem virgeworf gouf, en hätt Sympathië fir d'Nazien als Brittesche Gouvernuer op d'Bahamas "versat". Nom Krich huet hien als Privatmann mat senger Fra, bis un d'Enn vu sengem Liewen, a Frankräich gelieft.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Donaldson, Frances (1974). Edward VIII. London: Weidenfeld and Nicolson. ISBN 0-297-76787-9.
  • Parker, John (1988). King of Fools. New York: St. Martin's Press. ISBN 0-312-02598-X.
  • Williams, Susan (2003). The People's King: The True Story of the Abdication. London: Allen Lane. ISBN 978-0-7139-9573-2.
  • Ziegler, Philip (1991). King Edward VIII: The official biography. New York: Alfred A. Knopf. ISBN 0-394-57730-2.