Op den Inhalt sprangen

Max Weber

Vu Wikipedia
Max Weber
Gebuertsnumm Maximilian Carl Emil Weber
Gebuer 21. Abrëll 1864
Erfurt
Gestuerwen 14. Juni 1920
München
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, Weimarer Republik, Däitscht Keeserräich
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg,
Universitéit Wien,
Universitéit vu München,
Universitéit Göttingen,
Humboldt-Universitéit Berlin,
Kaiserin-Augusta-Gymnasium,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Jurist, Ekonomist, Soziolog, Philosoph, Anthropolog, Affekot, Universitéitsprofesser, Musikolog, Politiker, Historiker
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie
Famill
Liewenspartner(in) Else von Richthofen

De Maximilian Carl Emil Weber, gebuer den 21. Abrëll 1864 zu Erfurt a gestuerwen de 14. Juni 1920 zu München, war en däitsche Soziolog.

Dem Max Weber seng Publikatioun Die protestantische Ethik und der Geist des Kapitalismus zielt, nieft senger Schrëft Wirtschaft und Gesellschaft, zu senge wichtegste Kontributiounen am Beräich vun der Soziologie an ass e fundamentaalt Wierk vun der Reliounssoziologie. Nom Max Weber gëtt et tëscht der protestantescher Eethik an dem Ufank vum Kapitalismus, respektiv der Industrialiséierung a Westeuropa en enken Zesummenhang: d'Kompatibilitéit vun der Eethik oder Weltusiicht vun de Protestanten, besonnesch vun de Calvinisten, mam kapitalistesche Prinzip vun der Akkumulatioun vum Kapital a vun der Reinvestitioun vum Profit war een idealen Hannergrond fir d'Industrialiséierung. De Weber huet säi Wierk an zwou Etappe geschriwwen, deels virun enger Rees an Amerika (August-Dezember 1904), wou hien zu St. Louis un engem wëssenschaftleche Kongress deelgeholl huet, an deels duerno (1905).

  • Die protestantische Ethik und der Geist des Kapitalismus ; komplett Editioun, erausginn a presentéiert vum Dirk Kaesler; C.H. Beck Verlag, München, 2006 (2. Oplo); 432 Säiten; ISBN 978-3-406-51133-2
  • Gregor Schöllgen, Max Weber ; München (C.H. Beck), 1998; 188 Säiten (7 Biller). ISBN 978-3-406-41944-7
  • Julien Freund, Max Weber ; Paräis (Presses universitaires de France), 1969; 132 Säiten.
  • Robert Redeker, Le capitalisme, horizon du monde moderne: Max Weber enfin dépoussiéré ; in: Livres / Bücher (periodesch Literaturbäilag vum Tageblatt), S. 10 vun der Ausgab vum 19. Dezember 2003.
  • Victor Conzemius, Geld scheffeln zur Ehre Gottes - Hundert Jahre Max Weber ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 27 / 2086 (= Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 23. September 2004), S. 2.